De Charles Marx produzéiert zënter 1992, zesumme mat anere Produzente vun der Kraidergenossenschaft Naturpark Uewersauer, Kraider an Téi.

Téi

Téi ze produzéiert bedeit Aarbecht iwwert d'ganzt Joer verdeelt. Am Mäerz fänken d'Produzenten un d'Blummen a Kraider ze séien. Tëscht Juli an Oktober, gëtt recoltéiert. Déi frësch recoltéiert Blummen a Kraider ginn den Dag selwer nach vun enger Maschinn gebotzt a kommen dann a Këschten an d'Dréchenschief. Gedréchent ginn se duerno a Klimazelle gelagert bis dass se ofgepakt gi fir ze verkafen. Esou kann een, a Jore wou genuch recoltéiert konnt ginn, iwwert d'ganzt Joer regionalen Téi kafen.

Wat braucht dir fir Konditioune fir Téi ze produzéieren?

Charles Marx:
"Mir sinn ugewisen op Reen zur richteger Zäit, Sonn zur richteger Zäit, a virun allem, sou wéie Kären nëmme kann dresche wann se zeideg a dréche sinn, kënne mir eis Kraider och nëmmen ernte wann gutt Wieder ass."