De Jean-Claude Muller produzéiert zënter 3 Joer Kabes a stellt doraus Sauerkraut hier.

Kabes a Sauerkraut

Kabes gëtt vu Mee bis Juni geplanzt an ab Ufank September bis an den November era recoltéiert. Déi éischtklasseg Wuer gëtt als ganze Kabes verkaf an aus den anere Kabeskäpp gëtt Sauerkraut hiergestallt. Kleng geschniddene Kabes gëtt mat Salz vermëscht an duerno an engem zoue Behälter wou Gaser kënnen entwëschen a kee Sauerstoff erakënnt wärend 6-8 Woche fermentéiere gelooss.

Wat ass dat schéinst an opwännegst vun der Sauerkrautproduktioun?

Jean-Claude Muller:
"Et ass en Opwand an et ass awer och eng Chance. D'Chance ass einfach dass mer och doduerch an de Wanter eran eng Produktioun hunn, dat heescht och en Ofsaz hunn, wou mer dann och kënnen en Gewënn generéieren."