Episod 3
Wat iesse mer? - Ënnerwee
D'Martine Hoffmann weist wat hat sech a senger Famill preparéiert als Snack fir mat op der Rees.
Rezept: Dip fir bei Geméissticks
250 g Sauerram
125 g Jughurt
1 Knuewelekszéif
Bratzelen
Salz
Peffer
Sauerram a Jughurt mëschen a mat Salz a Peffer ofschmaachen. Knuewelek pressen an dobäi ginn. Bratzelen kleng schneiden an drënner mëschen. Tipp fir Leit déi keen réien Knuewelek verdroen: Knuewelekszéif a kache Waasser wärend 3-5 Minutten ofkachen an duerno pressen.
Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.
Fotogallerie
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies