D'Anne Beck weist eis wéi hat et fäerdeg brengt méi Vollkar a Ballaststoffer a seng Ernärung ze integréieren.
Rezept: Spelzbréidercher an Aufstrich
Rezept: Spelzbréidercher
750 g Spelzmiel (am beschten fresch gemuelen)
450-500 ml wootlecht Waasser
1 Küb Hierf
2 TL Salz
D’Miel an eng Schossel ginn an eng kleng Verdéiwung dran drécken. D’Hierf mat en bësse Waasser vun de 450-500 ml an der Verdéiwung zu engem Bräi verréieren, mat en bësse Miel bestëbsen a 15 Minutte goe loossen. Duerno, Salz an de Rescht vum Waasser dobäi fügen an zu engem Deeg knieden, wärend mindestens 10 Minutten. Op engem Bakblech kleng Bréidercher formen, mat Waasser bepinselen an e puer Kären drop verdeelen. Am virgewiermte Schäffchen 10 Minutte bei 250 Grad an da weider 10 Minutte bei 220 Grad fäerdeg bake loossen.
Rezept: Sonnenblummekären - Aufstrich
100 g Sonnenblummekären
100 ml Waasser
1 Bond Frëschen Péiterséileg oder Basilikum, grob geschnidden
1 Knuewelekszéif gepresst
1 EL Olivenueleg
1 TL Zitrounejus
½ TL Currypolver
1 TL Moschter
1 TL Salz
Alles zesummen an engem Mixer püréieren. Jee no Goût si Variatioune méiglech ouni Currypolver mee anere Gewürzer oder mat gedréchenten Tomaten oder anere Kraider.
Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.