D'Laura weist eis wat hat sech preparéiert wann et Nomëttes Loscht op epes Séisses huet.
Rezept: Hambier-Cashew-Kuch
Fir den Buedem:
280 g Nëss (e Mix aus Mandelen, Hieselnëss a Walnëss)
170 g Dattelen
2-3 EL Waasser
½ TL Vanill
½ TL Kanéil
1 Pouz Salz
Fir d’Crème:
350 g Cashew (ongesalzen an net gereechert)
100 ml Zitrounejus
10 EL Agavensirop
100 g Kokosfett
100 ml Waasser
½ TL Vanill
1 Pouz Salz
Fir de Buedem d’Nëss mat de Gewierzer a mam Waasser mixen. D’Dattelen entkären a kleng schneiden. Zesumme mat der Nëssmëschung mixen. Den Noss-Dattel-Mix an eng Kucheform ginn.
Fir d’Crème, d’Cashewnëss wärend 5 Stonnen a Waasser aweechen. D’Waasser ofschëdden an dann d’Cashew mat all den aneren Ingredienten zu enger homogener Crème mixen. D’Crème op dem Buedem verdeelen an de Kuch mat Hambier a Peffermënz dekoréieren. De Kuch fir mindestens 1 Stonn an den Frigo stelle fir dass en fest gëtt
Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.