Episod 12
Wat iesse mer? - Geméis emol anescht
D'Pascale weist eis wéi hat méi Geméis an seng Liiblingsrezepter integréiert kritt.
Rezept: Pizza mat Choufleursdeeg
220 g Choufleur
1 Ee
50 g gemuelen Mandelen
1 TL Rosmarin
Salz
Peffer
De réie Choufleur mixen a mat engem Ee an de Mandelen mëschen. Den Deeg mat Salz, Peffer a frëschem Rosmarin wierzen. Wärend 20-30 Minutte bei 200°C bake bis en brong a knuspereg ass. An dann jee no Loscht beleeën ewéi bei enger Pizza.
Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.
Fotogallerie
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies