D'Martine weist eis wéi hat sech Platen am viraus preparéiert fir séier ënnert der Woch doheem ziessen oder mat op de Büro ze huelen.

Tipp: "Meal Prep"

“Meal Prep” bedeit sech emol Zäit ze huelen an da verschidde Platen fir d’Woch schonn vir ze bereeden. Dofir kann een zum Beispill Räis, Gromperen, Nuddelen schonn kache ma och Geméis an Zalotenzooss kann ee schonn preparéieren. Dës Platen hält een dann am Frigo oder Tiefkühler. Sou ass de Plat am ganzen oder déi Eenzelbestanddeeler preparéiert an et huet een sech séier eppes opgewiermt.

Tipp: Zalotenzooss kann am viraus preparéiert ginn, mee am Beschten ouni Moschter dran, well dësen sech zersetzt an dann net méi schéin ausgesäit.

Video: Wat seet d'Expertin

D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.
Haut: Op wat soll een oppassen wann een fäerdeg preparéiert Platen keeft?

Fotogallerie