De Fabrizio weist eis wat hien sech als Alternativ zu séissem Gedrénks preparéiert.
Rezept: aromatiséiert Waasser
1 Limette
1 Zitroun
½ Kornischong
10 Peffermënzblieder
3 EL Agavesirop
200 ml Waasser
D’Waasser opkachen an den Agavesirop dran opléisen. Limette an Zitroun pressen. Kornischong a Scheiwe schneiden. Dat ofgekillte Waasser an eng Karaff ginn zesumme mat de Kornischongscheiwen an dem Jus. Zum Schluss nach Peffermënzblieder dobäi a mat Krunnewaasser opfëllen. Alles ëmréieren an d’Karaff am Frigo kalstellen.
Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.
Wéivill solle mer drénken?
Fotogallerie
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies