Episod 15
Wat iesse mer? - Virun der Tëlee
D'Henriette weist eis wat hat sech preparéiert fir Owes virun der Tëlee ze snacken.
Rezept: Geméischips
1 Séissgromper
1 Wuerzel
1 rout Rommel
D’Geméis wäschen an duerno mat enger Mandolinn an selwecht déck Scheiwe schneiden. Op en Bakblech leen a jee no Goût wierzen, zum Beispill mat Kräidersalz. Am Schäffche wärend 20 Minutte bei 150°C knuspereg baken. Direkt genéissen, soss ginn d’Chips ërem mëll.
Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.
Sinn an den Geméischips nom Baken nach Vitaminen dran?
Fotogallerie
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies