Episod 17
Wat iesse mer? - Als Famill
D'Marguerite weist eis wéi hat emol kacht an domat fir d'ganz Famill a fir mat op de Büro huet.
Rezept: Wok
300 g Pouletsbroschtfilet
Geméis jee no Loscht
Currypolver
250 ml Kokosmëllech
100 g Bulgur
Geméis keng schneiden an ubroden. Poulet kleng schneiden an dobäi ginn. Wann alles ugebroden ass mat Salz, Peffer a Currypolver wierzen a Kokosmëllech dobäiginn. Bulgur kache wéi um Pak beschriwwen.
Tipp: En Deel vum Wok eraushuele bevir ee mat Salz a Peffer wierzt, a fir déi Kleng püréieren. Geméis-Wok Afréieren a Bäilage frësch dobäi kachen.
Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.
Wat kachen an iessen mer am Beschten zesummen als Famill?
Fotogallerie
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies