Wat iesse mer? - Waarm a kal
D'Laura weist eis wéi hat sech Lënsen preparéiert an domat dann en warmen an e kalen Plat kacht.
Rezept: Lënsenzopp a Lënsenzalot
Lënsenzopp (Fir 4 Portiounen)
250 g rout Lënsen
1 Zelleriestaang
2 Wuerzelen
4 Fréijoersënnen
2 Tomaten
1 Knuewelekszéif
1 Limett
1TL Ingwer
2EL Sesamueleg
2IL Currypolver
800ml Geméisfong
Salz
Peffer
Zellerie, Wuerzelen, Fréijoersënnen, Knuewelek an Ingwer kleng schneiden an ubroden. Mat Currypolver, Salz a Peffer wierzen an da mat dem Gméisfong ofläschen. D’Tomate kleng schneiden an zesumme mat de Lënsen an d’Zopp ginn. 15-20 kache loossen. De Jus vun enger Limett bäiginn an ofschmaachen.
Lënsenzalot
500 g Lënsen
1 rout Ënn
3 Tomaten
1 Paprika
1 Kornischong
1 Bouquet frësch Kraider (Péiterséileg, Koriander oder Peffermënz)
Lënse wéi um Pak beschriwwe kachen an ofkille loossen. Geméis a Kraider kleng schneiden an ënnert d’Lënse mëschen.
Dressing:
2 IL Waasser
2 Limetten
3 Knuewelekszéiwen
1TL Salz
½ TL Kräizkümmel
1 Chili
Limetten pressen a Chili kleng schneiden an dann all d’Ingrediente vermëschen.
Video: Wat seet d'Expertin
D'Anne-Marie Reuter ass Diététicienne am Gesondheetsministère. Si gëtt zu all Emissioun zousätzlech Tipps.
Wéieng Hülsenfrüchte ginn et an a wéienger Form soll ech se am Beschten kafen?