De Luc Hoffmann a Berny Schroeder produzéieren zënter 5 Joer Spargelen am Eislék.

Spargelen

Spargelen ze produzéiere bedeit Aarbecht um Feld tëscht Februar an Enn Juni. Recoltéiere kann een eréischt ab dem drëtte Joer nodeems geplanzt ginn ass. Vun där selwechter Planz kann een duerno 8 bis 10 Joer recoltéieren. Regional Spargele kritt een tëscht Mëtt Abrëll an Enn Juni ze kafen.

RTL

Wat motivéiert Iech är Aarbecht ze maachen?

Luc Hoffmann:
"Ech sinn der Usiicht, ech sinn als Bauer op d’Welt komm an ech maachen déi Aarbecht immens gär. Et ass fir mech eng Erausfuerderung gutt Saachen hier ze stellen. Ech iesse gär gutt Saachen. Wann et de Leit schmaacht, dann hunn ech Spaass et ze maachen."