De Marc Dollendorf produzéiert zënter iwwer 20 Joer Forellen am Ourdall op der Weweler Millen.

Forellen

Forellen ze produzéiere bedeit Aarbecht vu Januar bis Dezember. D’Forelle gi gefiddert bis se en Gewiicht tëscht 300 a 400 Gramm erreecht hunn. Regional Forelle kritt een och iwwert dat ganzt Joer ze kafen.

RTL

Wat sinn d'Virdeeler vun der regionaler Frellenzucht?

Marc Dollendorf:
"D’Virdeeler vun der regionaler Frellenproduktioun sinn emol déi kuerz Transportweeër déi mir hunn an zweetens dass d’Leit och hei zu all Moment kënne kucke komme wat mir hei produzéieren."