De Jean-Claude Muller produzéiert zënter 2 Joer Zalot. Säin Betrib war bis dohin op d’Uebstproduktioun ausgeriicht.

Zalot

D’Zaloteproduktioun fänkt un Enn Mäerz wann d’Setzlinge gesat ginn, an dauert bis déi läscht Recolte am Oktober. D’Zalote brauchen eng 6 bis 8 Woche fir ze wuessen. Regional Zalote kritt een tëscht Mëtt Mee an Enn Juni ze kafen.

RTL

Wat motivéiert Iech är Aarbecht ze maachen?

Jean-Claude Muller:
“D’Motivatioun ass ganz einfach dass ee gesäit, et zillt een eppes wou een herno e Resultat huet. An hei och elo nach relativ kuerzfristeg bannent 6 bis 8 Wochen. Wou een einfach mat der Natur ka schaffen, an der Natur ka schaffen a wou een dann e Resultat huet, wou een eppes produzéiert huet, wou een engem aneren eng Freed kann domat maachen, den dat kann iessen.”