D’Tessy Gillen produzéiert zënter 3 Joer Geessekéis.

Geessekéis

Geessekéis ze produzéiere bedeit Aarbecht ab Februar, wann ugefaange gëtt mat sträichen, an dauert bis an den Dezember eran. D’Geesse kréien dann eng Paus vun zwee Méint wou net gestrach gëtt. Regionale Geessekéis kritt een ze kafe vu Mäerz bis Dezember.

RTL

Wat bedeit et Iech Produzentin ze sinn?

Tessy Gillen:
“Produzentin ze si bedeit fir mech zimlech vill well ech de Cliente kann en héichwäertegt regionaalt Produkt kann op den Teller bréngen.”