De Philippe Matgé produzéiert zesummen mat senger Fra zënter 2013 Fleesch. Zënter 2015 als zertifiéierten Bio Betrib.

Fleesch

Rëndsfleesch ze produzéiert bedeit Aarbecht iwwert d'ganzt Joer verdeelt. Nieft den Déiere gëtt am Fréijoer och um Haff d'Fudder produzéiert. Hir Béischten si vun Abrëll bis Ufank November op der Weed, sou wéi d'Wieder Konditiounen et erlaben. D'Kaalwer verbréngen hier ganz Zäit um Betrib bei hirer Mamm. D'Jongrand gëtt just mam Gras gefiddert wat op hirem Betrib wiisst. Am Alter vun 8 bis 12 Méint a mat engem Gewiicht vun 180 bis 220 Kilo gëtt d'Jongrand geschluecht.

Wat ass dat schéinst an opwännegst vun ärer Aabescht?

Philippe Matgé:
"Wann een duerno freet wat dat opwännegst a wat dat schéinst vun eiser Aarbecht ass da géing ech soen, dat wieren d'Gebuerte vun eise Kaalwer. Eis Limousin Kéi kaalwen an der Reegel ganz liicht an ouni Hëllef. Et ass dann ëmmer eng Freed wann erëm e gesond an äerdegt Kallef do steet. Et kann awer och emol sinn dass eng Kou eis Hëllef brauch bei der Gebuert an dat sinn dann déi méi stresseg Momenter."