
An de soziale Medie léisst sech eng gewëssen Euphorie fir wëll Déieren, apaart fir de Fuuss, feststellen. D’Begeeschterung wiisst awer och fir aner Déieren, wéi ënner anerem fir d’Schlaangen. E rezent Beispill ass e Fall aus Niedersachsen, wou aus enger Wunneng vun enger Fra iwwer 110 Schlaange séchergestallt gi sinn. Engersäits waren déi Déieren net aartgerecht gehale ginn an et ass och nach d’Problematik vun Animal Hoarding mat dobäi komm. Dës Entwécklung léisst sech doduerch erklären, datt ëmmer rëm an de soziale Medie vun de wëllen Déieren, wéi zum Beispill vum Fuuss, e falscht Bild vermëttelt gëtt. Do gi si dacks als Hausdéier präsentéiert. Doduerch ginn et Leit, déi sech och esou e butzegt Déier wëllen uschafen.
D’Hester Pommerening vum Deutschen Tierschutzbund kann duerchaus d’Begeeschterung fir déi kleng Fiiss verstoen, déi sou léif, schéin, verspillt an intelligent ausgesinn. Den Tierschutzbund ass kategoresch dogéint, datt wëll Déieren, sief et heemescher oder exotescher, als Hausdéier gehale ginn. Dacks sinn d’Verkeefer an d’Keefer sech net bewosst, wéi eng Uspréch esou Déieren hunn, fir se aartgerecht ze halen. An enger Wunneng oder engem Gaart kann een net d’Besoine vun dësen Déieren erfëllen, schonn eleng, wat den Drang zur Fräiheet betrëfft. De Kontakt mat dem Mënsch bedeit fir dës Déieren einfach Stress. A wa si bis un de Mënsch gewinnt sinn, ouni Kontakt zu den Aartgenossen, da kënne se och net méi ausgewëldert ginn.
An Däitschland ass d’Situatioun esou, erkläert d’Hester Pommerening weider, datt een e Fuuss, deen an der Natur lieft, net däerf mat heem huelen. Verbueden ass allerdéngs net, wann een e Fuuss aus enger Zuucht huet. Leider ginn et och dubiéis Händler an Osteuropa, déi esou Fiiss versichen ze verkafen. Den Deutscher Tierschutzbund wënscht sech, datt dréngend e Verbuet géing ageféiert ginn, fir iwwerhaapt esou Déieren ze halen. Si géinge sech iwwer sou eng Positiv-Lëscht freeën, wéi déi vu 4 Länner, ënnert anerem vu Lëtzebuerg, zu Bréissel virgestallt ginn ass. Op dëser Lëscht géingen dann déi Déiere stoen, déi erlaabt sinn, fir doheem ze halen.
Am Kader vum Déiereschutzgesetz vun 2018 gëtt et schonn eng Positiv-Lëscht. Den Dr Laurent Schley, Biolog an Directeur adjoint vun der Naturverwaltung, huet präziséiert, datt ee sech ouni ministeriell Autorisatioun, iwwerhaapt kee wëllt Déier däerf uschafen. D’Konditiounen, déi een erfëlle muss, fir theoretesch esou eng temporär Autorisatioun ze kréien, sinn och gesetzlech festgehalen. Entweder ass de But vu pedagogescher oder wëssenschaftlecher Natur oder et handelt sech ëm een agreéierte Spezialist, wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng.
Wëll Déieren, wéi Fiiss an och Wäschbieren, däerfen dem Juegdgesetz no net gefiddert ginn. Dëst Gesetz gëllt fir all Mënsch hei am Land an net nëmme fir d’Jeeër.
Wann een déi wëll Déieren, wéi d’Fiiss oder d’Wäschbieren, reegelméisseg bei sech am Gaart fiddert, féiert dëst dozou, datt si sech dorunner gewinnen. Si “habituéieren” sech un dës Situatioun an och un de Mënsch, esou den Dr Laurent Schley. De Problem dobäi ass engersäits, datt si ëmmer manner schei ginn an datt si och opdrénglech a méi fresch kënne ginn, wa si mol näischt ze friesse kréien. Si versichen dann an d’Haus eranzekommen oder si kënnen och mol bäissen. Bei der Naturverwaltung hu si ëmmer erëm Appeller vu Leit, déi Problemer mat esou Déieren hunn. Dës Problemer sinn awer vum Mënsch gemaach an net vum Déier.