D'Rock University, eng Museksschoul hei zu Lëtzebuerg, déi hir Course speziell un all Schüler upasst. Musek made in Luxembourg.

D'Rock Universitéit ass eng Museksschoul anescht wéi anerer. Do geet et net drëms, d'Musek just einfach nëmmen ze spillen, mä se ze fillen, ze spieren a virun allem ze personaliséieren. D'Léierpersonal, dat aus professionellen a passionéierte Museker zesummegesat ass, huet sech als Zil gesat, all Talent sou vill wéi méiglech ze fërderen.
 
Mat speziell ugepasste Course kënne si op individuell Besoine vun de jeeweilege Schüler agoen, an dat spigelt sech och an der Musek erëm.

Freides stelle mer Iech iwwert den RTL You ee Museker a säi Video mat engem perséinlech gecoverte Lidd vir. Dës Woch ass et um Filippa mam Lidd "Fire and Rain side" vum James Taylor.

1. Stell dech an 2-3 Sätz vir.

Moien, ech heesche Filippa a si 14 Joer al. Ech hunn italienesch a schwedesch Originnen, wunnen awer schonn zanter Joren zu Lëtzebuerg. Ech ginn och zu Lëtzebuerg an de Lycée. A menger Fräizäit maachen ech gäre Sport, spille Piano oder maache bei Gesangsconcourse mat. Scho mat 9 Joer hunn ech ugefaange mat Gesangscoursen, déi mech och weiderhi begleeden.

2. Wat bewierkt d’Musek bei dir ?

D'Musek begleet mech op Schratt an Tratt a mengem alldeegleche Liewen. Sief dat moies beim Erwächen, beim Leieren no der Schoul oder esouguer um Wee fir an d’Schoul. Zu all Moment hunn ech Musek a mengen Oueren. Musek léist bestëmmten Emotiounen a mir aus, déi ech soss net onbedéngt hunn.

3. Wisou hues du dech fir dëst spezifescht Lidd entscheet?

Obwuel ech dëst speziellt Lidd elo net selwer ausgewielt hunn, denken ech, dass et e ganz flott Lidd dass. Och wann ech nach net ganz genau verstinn, ëm wat et am Lidd geet, denken ech, dass et eng traureg Geschicht ass, déi vum Artist verzielt gëtt, an dëst hunn ech dann och probéiert, a mengem Cover erëmzeginn.

4. Wat sinn deng deeglech Aufgaben op der Rock University?

Och wann ech den Ament nach kee feste Schüler vun der Rock University sinn, ginn ech 1 Mol d’Woch dohinner, fir Gesang- a Pianoscoursen ze huelen.

D'Serie am Iwwerbléck