Nodeems mer lo an déi drëtt Woch vun der Quarantän kommen, misst et deem Leschte bewosst ginn, datt dat hei e Marathon ass, kee Sprint.

Fir d’éischte Kéier an der Geschicht kann een d’Mënschheet retten, andeems een um Kannapee bleift an d’Tëlee kuckt. A fir dat net an de Sand ze setzen, gëtt et eng Rei Serien, déi kënnen hëllefen, Doheem ze bleiwen.

D’Alicia Florrick huet seng Karriär als Affekot opginn, wéi hat schwanger ginn ass. 15 Joer méi spéit gëtt säi Mann, de Procureur Général, an e Sex- a Korruptiounsskandal verwéckelt. Ëffentlech hält si hirem Mann d’Partie, mä privat geet se erëm schaffen, an d’Etüd vun engem fréiere Frënd. Iwwer 7 Staffele gesi mer d’Evolutioun vun enger „gudder Fra“ zum knallhaarden Affekot.

D’Serie ass immense gutt geschriwwen, mat intelligenten an oft witzegen Dialogen. Beim Fall vun der Woch ginn ëmmer eng Rei Geschichten erzielt, déi sech iwwer e puer Episoden zéien, an dacks am Zesummenhang mat der gesellschaftlecher, politescher oder rechtlecher Aktualitéit stinn. Dës Theme ginn tëscht de verschiddene Personnagen ausgedroen, déi sech net ëmmer eens sinn an domat déi verschidde Säite vun engem Konflikt weisen.

D’Serie war op der amerikanescher Tëlee vun 2009 bis 2016 an huet eng Rei Präisser kritt, besonnesch fir dat excellent Spill vun den Acteuren. Et ginn am ganzen 156 Episoden, déi missten, mat 4 Episoden den Dag, bis Mee goen.

The Good Wife gëtt et op Amazon Prime mat 7 Staffelen

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"