Fréier war alles besser. Zum Beispill am Februar, wéi mer nach schaffe gaange sinn, an de Restaurant oder an de Kino.

Wann dat engem awer ze rezent ass, kann een eng Zäitrees an déi richteg gutt al Zäit maachen. Et brauch ee just eng Internetleitung...

1960. Amerika ass matzen am „Baby Boom“, d’Wirtschaft leeft esou gutt, wéi nach ni.

Den Don Draper ass ee vun de kreativen Direktere vun der Publicitéitsagence „Sterling Cooper“. Als wäissen, amerikanesche Mann aus der gehuewener Mëttelschicht féiert hien e privilegéiert Liewe mat enger Fra an zwee Kanner, déi doheem op hie waarden, iwwerdeems hien d’Woch iwwer zu New York bleift, fir ze schaffen, ze drénken a sech mat anere Fraen ze ameséieren. Dobäi verstoppt hien eng Vergaangenheet, wéinst där alles kéint an de Koup falen.

An Mad Men stellen déi verschidde Personnagen e Mikrokosmos duer, deen d’Ongläichheeten an d’Verännerunge vun der amerikanescher Gesellschaft bis 1970 spigelt. Dobäi ass d’Publicitéitsagence e passend Symbol fir déi ongebremste Consomatioun, déi deemools hiren Ursprong hat a bis haut undauert.

Kleeder, Coiffuren, Dekoratioun an de Büroen, politesch a gesellschaftlech Verännerunge reflektéiere sech an der Aart a Weis, wéi geschafft gëtt a wéi d’Leit an der Agence mateneen ëmginn. Dem Don Draper säi Liewen ännert sech dobäi och méi wéi eng Kéier. Just hien ännert sech net.

Mad Men kann een op Netflix kucken, et gëtt 7 Staffelen.

D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"