Wéi sot Dir fir e Päiperlek? A wéi soen déi aner dofir?

© AFP
Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.
An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

An der Schnëssen-App hu 1459 Leit eis geäntwert a sech opgeholl, wéi si déi kleng, meescht faarweg Déiercher mat de Flilleken nennen an dobäi konnte mir feststellen, datt eng grouss Majoritéit Päiperlek seet. Déi aner zwou nennenswäert Variante si Pimpampel a Schmetterleng. All dës Forme si souguer schonn am Luxemburger Wörterbuch vermierkt gewiescht, woubäi de Schmetter-leng do nach ënnert där héichdäitscher Aussprooch Schmetter-ling ze fannen ass. Interessanterweis konnt déi aktuell Auswäertung kee Beleeg fir déi franséisch Variant Papillon fannen.

Mat 82,2% seet d'Majoritéit, also Päiperlek. Pimpampel a Schmetterleng kommen zesumme knapps iwwer zéng Prozent vun de Resultater, wat weist, wéi dominant d’Haaptvariant géigeniwwer vun deenen aneren ass. Obwuel also eng gréisser Zuel un diverse Begrëffer existéiert (z.B. Pippel, Pléiperplap, Päipeldéier, asw.), sinn dës allerdéngs nëmme wéineg vertrueden am Alldag vun deene meeschte Participanten.
Kuckt ee sech déi regional Verdeelung vun de Varianten un, mierkt een, datt Päiperlek (donkelblo) a Pimpampel (hellblo) queesch duerch d’Land representéiert sinn. Erausstieche maachen allerdéngs d’Forme Schmetterleng (donkelgréng) a Millermoler (hellgréng), déi am Éislek wäit verbreet sinn, a vereenzelt am Oste vum Land opkommen. Wärend de Millermoler zu engem Groussdeel an den Uertschafte Wolz an Iechternach representéiert ass, ass de Schmetterleng méi verstreet iwwer divers Géigende vum Norden (a vereenzelt soss uechter d’Land). Pléiperplap (donkelorange) a Pippel (hellorange) si weider regional Varianten, déi nëmme lokal opdauchen.

D’Verdeelung nom Alter weist, datt queesch bis bal bei déi lescht Altersgrupp de Päiperlek dominant ass, opfalend ass allerdéngs déi staark Representatioun bei jonke Spriecher. Variante wéi Millermoler oder Päipeldéier fanne sech da bal nëmme bei eelere Participanten.

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!
"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.
D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...
Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.
RTL-ARTIKEL: Eng nei App - Drop lass schnëssen ... fir d'Fuerschung!
Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.
Facebook: https://facebook.com/schnessen
Twitter: https://twitter.com/schnessen
Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen
E-Mail: schnessen@uni.lu
Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke
(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018
Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)
- Päiperlek (24. Juli):
[block type="attachment" id="55759341" __caption="AUDIO: 24/07/2018 Serie Schnëssen: Päiperlek"]