Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

RTL

Wie kennt et net, dat klengt däregt Déier, dat sech gär hannert dem Kompost oder ënnert den Hecken am Gaart verstoppt an sech just an der Nuecht aus senger Stopp eraustraut. Ma wéi heescht dat eigentlech? Mir hunn 1285 Leit gefrot, kruten awer – wéi gewinnt – méi wéi eng Äntwert.

Knapp méi wéi d’Halschent (n= 687) vun de Leit hunn d’Déierchen Igel genannt. 36,6 % (n=461) dogéint hunn Kéiseker gesot. Eng drëtt, méi seele Variant ass Däreldéier (0,4%). Insgesamt 8,5% (n=107) hu souwuel Kéiseker, wéi och Igel an d’App geschwat. An engem Fall goufen esouguer déi dräi Variante genannt. Eng sëlleche Kéier ass eis och explizit matgedeelt ginn, datt een d‘Variant 1 seet, d‘Variant 2 awer och kennt oder ee selwer béides benotzt. Dat weist dorop hin, dass vill Participante sech der Variatioun am Lëtzebuergesche bewosst sinn. Interessanterweis trëfft dëst net nëmmen op MammesproochlerInnen zou – och 4,3 % vun de Leit mat enger anerer Mammesprooch wéi Lëtzebuergesch hunn Igel Kéiseker genannt. Dat bedeit, datt Net-MammesproochlerInnen-, mat dem Lëtzebuergeschen och déi verschidde Facettë vun der Sprooch (kennen-)léieren.

An dësem Fall si lokal Varianten, wéi se och nach am Luxemburger Wörterbuch verzeechent sinn immens seelen. Hei fënnt een z. B. och nach Kéijhickeler, Mëllechigel, Kéiselek, Kéisilek, Kiselek, Kisicker an Däreg Échel. Ze héiere waren an den Opname just vereenzelt Beleger vu Kéisäker oder Kiseker. Se kommen awer esou seele fir, datt se an dësem Kader mat zu de Kéiseker-Beleger gezielt gi sinn.

E Bléck op d‘Kaart lount sech awer nawell. Am éischten Ament ass een eventuell e bëssen enttäuscht, well sech keng Varianteregiounen opdinn, allerdéngs verweist genau dëst op déi Aart vu Variatioun, déi eben onofhängeg vu Regiounen existéiert. Et sief dobäi gesot, dass dës fir d’Lëtzebuergescht alles anescht wéi seelen ass.

RTL

Idem gesäit et beim Alter aus. Och wann d’Verdeelung vun Igel Kéiseker vun Alterskategorie zu Alterskategorie schwankt, kann ee keng kloer Tendenz erausliesen. Jonk an Al kennen deemno dat däregt Déier ënnert sengen ënnerschiddlechen Nimm. Et schéngt just esou, wéi wann déi seele Variant Däreldéier de Jonke kee wierkleche Begrëff méi ass, woubäi opfält, datt och Persounen iwwer 65 dës Bezeechnung net benotzt hunn.

RTL

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.

Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)

  1. Päiperlek (24. Juli)
  2. Kéiseker (26. Juli)


    [block type="attachment" id="55795501" __caption="AUDIO: 26/07/2018 Serie Schnëssen: Kéiseker"]