Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

RTL

Net nëmmen Déieren, déi um bzw. am Buedem liewen, ma och déi, déi sech an der Luucht beweegen, spillen bei eis eng Roll: d'Vullen, méi genee seng kleng Kollegen, d'Villercher. Wéi esou dacks bei eisen Auswäertungen ass och hei erëm méi wéi eng Bezeechnung benotzt ginn, fir déi kleng gefligelt Déiercher ze benennen.

U sech kann een hei zwou Diminutivvarianten ausmaachen; Villercher a Vigelcher an déi entspriechend net verklengert Formen Vullen a Vigel. Bei de Formen, déi net verklengert goufen, sinn och nach d'Bezeechnungen Vill, een alternative Pluriel zu Vullen, Vugelen a Piipmatzen gefall. Geheit een e Bléck op d'Heefegkeeten, gëtt kloer, datt et eng Haaptvariant gëtt: Villercher. Dës gëtt nämlech zu 70% benotzt. Op 16% kënnt Vigelcher. Déi aner Forme beweege sech all ënnert engem Taux vun 10%.

RTL

Als nächst lount sech ee Bléck op d'Kaart mat der regionaler Verdeelung vun de Varianten an e Vergläich mat der méi aler Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas (LSA). Et fält op, datt d'Variant Vigelcher (rout) méi heefeg am Norden, am Osten an an enger Sträif, déi sech tëscht deene Regioune vu Westen no Osten zitt, virkënnt. Dës deckt sech nach méi oder manner mat de Raim, déi op der LSA-Kaart gezeechent sinn. Et schéngt just esou, wéi wann dës Variant hautzedaags am Nord-Weste méi heefeg wier, wéi deemools. D'Haaptvariant Villercher (blo) kënnt am heefegsten am Süden, awer reegelméisseg och am Rescht vum Land, bis bal ganz erop an den Norde vir. Am Verglach zu der eelerer Kaart an a Kombinatioun mat den Heefegkeeten aus dëser Erhiewung kann een also dovun ausgoen, datt sech dës Variant weider ausgebreet huet. Dës Weidere fält op, datt d'Variante Veilercher a Vielcher, déi op der aler Kaart am Beräich vun der Musel am Süden respektiv am Norden agezeechent sinn, an de Schnëssen-Erhiewungen net virkommen. Dat heescht natierlech net, datt dës komplett verschwonne sinn, ma zumindest kann een dovun ausgoen, datt se keng grouss Roll méi spillen.

RTL

Obwuel villes vun dësen Observatiounen op Sproochwandel hindeit, kann een dëst net aus den Daten zu der Verdeelung vun de Varianten no Alter erausliesen. Et ass net esou, wéi wann eeler Leit éischter Vigelcher a jonk Leit éischter Villercher soe géifen. Datt dat de Fall ass, kann allerdéngs och dorop zréckzeféiere sinn, datt grad aus de Villerchersregioune méi Participanten ze verzeechne sinn, wat sech natierlech och op d'Heefegkeeten, déi ernimmt goufen, auswierkt.

Esou gesäit et éischter dono aus, wéi wa viru knapp honnert Joer an och haut nach zwou Varianten niefteneen existéieren, déi eng regional Verdeelung opweisen, woubäi eng méi wäit verbreet ass wéi déi aner an dowéinst och méi heefeg beluecht ka ginn.

RTL

© AFP

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.

Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)

  1. Päiperlek (24. Juli)
  2. Kéiseker (26. Juli)
  3. Puppelchen (31. Juli)
  4. verzielen (2. August)
  5. Poubelle (7. August)
  6. virwëtzeg (9. August)
  7. Villercher (14. August)



    [block type="attachment" id="56124715" __caption="AUDIO: Schnëssen: Vullen a Villercher"]