De ganzen Dag un engem Ee schielen

© AFP
Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.
An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

Och dat onscheinbart, awer wichtegt Wuert Ee, am Pluriel Eeër, ass am Lëtzebuergesche méi variabel wéi ee géif mengen. Am Ganze si mer an den Daten aus der Schnëssen-App 864 Eeër siche gaangen. Dräi Haaptvariante kënnen ënnerscheet ginn: Eeër, Är an Aier. Fir mat der leschter a vläicht opfällegster Variant unzefänken: Fir de ganzen héijen Norden ass schéin ze gesinn, dass hei relativ stabil Aier, Singular Ai (deelweis mat laangem a:), gesot gëtt. Am Verglach mat der Kaart aus dem Luxemburger Sprachatlas gesäit een, dass dëst Gebitt kaum méi kleng ginn ass. Heiansdo huet sech déi nei Form Eeër heihinner veriert, awer am Groussen a Ganzen bleift Aier déi eenzeg Variant, och fir jonk Leit.

Fir de Rescht vum Land ass e grousse Mitschmatsch tëscht den zweesilbegen Eeër an den eesilbegen Är ze gesinn: Béid Forme fanne sech eigentlech iwwerall. Dat war zur Zäit vum alen Luxemburger Sprachatlas nach anescht. Wann een hei d'Kaart kuckt, fënnt ee bal iwwerall am Land haaptsächlech Forme mat ä (an der Kaart mam phonetesche Symbol [ɛ] geschriwwen) a Forme mat laangem ee (-kleng riicht Strécher op der Kaart) kommen haaptsächlech an der Stad, d'Uelzecht erop a ronderëm vir. Dass mer also haut méi Eeër wéi Är hunn, deit op e Sproochwandelprozess hin, dee sech aus dem Zentrum vum Land an déi aner Regiounen ausgebreet huet.

An nach e weideren Aspekt seet eis, dass Eeër als déi mee rezent Form am Gaangen ass, sech weider ze verbreeden: D'Altersverdeelung an der Grafik hei ënnen illustréiert schéin, dass d'Är vun der eelster Generatioun bis bei déi jéngst kontinuéierlech ofhëlt.

Aus dëser quantitativer Iwwersiicht ka (virsiichteg) och gefolgert ginn, dass Är in den nächste Generatiounen warscheinlech ausstierft, wärend d'Nordéisleker Aier stabil bleiwen.
Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!
"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.
D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...
Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.
RTL-ARTIKEL: Eng nei App - Drop lass schnëssen ... fir d'Fuerschung!
Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.
Facebook: https://facebook.com/schnessen
Twitter: https://twitter.com/schnessen
Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen
E-Mail: schnessen@uni.lu
Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke
(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018
Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)
- Päiperlek (24. Juli)
- Kéiseker (26. Juli)
- Puppelchen (31. Juli)
- verzielen (2. August)
- Poubelle (7. August)
- virwëtzeg (9. August)
- Villercher (14. August)
- Eeër (16. August)
[block type="attachment" id="56156072" __caption="AUDIO: 16/08/2018 Serie schnëssen: Eeër"]