Beispill fir Sproochwandel am Lëtzebuergeschen: De Partizip Perfekt vu kafen

© AFP
Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.
An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

Net seelen huet een et am Kader vu Variatioun mat esou enger ze doen, déi d'Endunge vu Wierder betrëfft. De Partizip Perfekt gehéiert och an d'Rei vun dëse Phenomener.

Géintiwwer sti sech hei kaaft a kaf bzw. kooft - kof an k[ɔː]ft - k[ɔː]f. Geheie mir fir d'éischt ee Bléck op d'Kaart: Hei gëtt däitlech, datt kof/kooft eng nërdlech Variant ass, wougéint k[ɔː]ft - k[ɔː]f just am Süde beluecht sinn. D'Variante kat a k[ɔː]t, déi bis elo nach net ernimmt goufen, beschränke sech an éischter Linn op de Süd-Oste vum Land. kaf a kaaft (insgesamt 89%) déi als d'Haaptvariante gezielt kënne ginn, kommen, bis op déi ernimmte Regioun am Norden, eigentlech iwwerall vir. Vergläicht een d'Schnëssen-Kaart mat der Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas gëtt däitlech, datt d'Verdeelung vun deemools och haut nach existéiert. Déi Opmierksam ënner Iech gesinn natierlech direkt, datt et och Ënnerscheeder ginn an dat stëmmt natierlech och. Sou ass keng Süd-West-Variant méi festzestellen an et schéngt esou, wéi wann am Norden zwou nei Varianten entstane wieren – kof an kooft. Et ass allerdéngs hei esou, dat mir et hei mat engem Lautwandel ze dinn hunn, deen am Allgemenge wierkt an dat eben och an de regionale Spriechweisen – hei weist sech dësen eben an der Verännerung vun [ɔː] zu [o]. Dee selwechte Prozess huet dozou gefouert, datt am Süd-Westen aus dem [ɒː] een [ɔː] gouf.

Eng weider Opfällegkeet, déi ee vun de Kaarten ofleede kann: Souwuel deemools, wéi och haut ass eng Variatioun tëscht de Variante mat der Endung -t an de Varianten ouni Endung (-Ø ) ze verzeechnen. De Virdeel vun der Schnëssen-Erhiewung ass deen, datt et net nëmmen Daten zu der regionaler Verdeelung gëtt, mee datt een d'Daten och a Relatioun mat anere Variabelen, wéi zum Beispill Alter oder Kompetenz an enger Sprooch, setze kann.

Kuckt ee sech also d'Variante mat an ouni Endung a Relatioun mam Alter un, kann een eng Korrelatioun ausmaachen. Mam Alter geet de Prozentsaz u Variante mat -t erop, woubäi de Géigendeel an déi aner Richtung ausgemaach ka ginn. Jonk Leit benotzen also éischter kaf (ëm 75%) eeler Leit éischter kaaft (ëm 70%), wat zudeem och sproochhistoresch, déi méi al Variant ass. Dëst weist dorop hin, datt déi al Variant mat Endung mat der Zäit ëmmer méi seele gëtt, wougéint d'Variant ouni Endung méi heefeg virkënnt. Dat bedeit allerdéngs net, datt d'Variante mat Endung komplett verschwanne wäerten – ëmmerhin existéiere béid Forme scho laang niefteneen. Datt sech dat dat elo séier ännert, dovu kann een net ouni Weideres ausgoen.

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!
"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.
D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...
Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.
RTL-ARTIKEL: Eng nei App - Drop lass schnëssen ... fir d'Fuerschung!
Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.
Facebook: https://facebook.com/schnessen
Twitter: https://twitter.com/schnessen
Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen
E-Mail: schnessen@uni.lu
Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke
(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018
Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)
- Päiperlek (24. Juli)
- Kéiseker (26. Juli)
- Puppelchen (31. Juli)
- verzielen (2. August)
- Poubelle (7. August)
- virwëtzeg (9. August)
- Villercher (14. August)
- Eeër (16. August)
- kaf/kaaft (21. August)
[block type="attachment" id="56282528" __caption="AUDIO: Schnëssen: kaf-kaaft"]