Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

RTL

Wat ass ee gutt gedeckten Dësch moies fréi oder am Nomëtteg ouni séiss Verféierungen? Just hallef esou schéin natierlech! Ma wann Dir Är besser Hallschent nach séier ustellt, eppes sichen ze goen, well Dir dat leider vergiess hutt anzekafen, schéckt Dir si Mëtschen oder Kaffiskichelcher sichen a soll si fir d'Tatta och nach eng "Ëclair" oder eng "Eeclair" matbréngen?

Dës wichteg an entscheedend Froen hu mir eis natierlech gestallt an hei sinn déi spannend Äntwerten:

Fir d'éischt zu de Croissanten, Aachtercher, Schockelasrullen & Co. Déi meescht Participanten hunn déi ernimmte Schneekegkeete Mëtschen genannt – fir genee ze si ganzer 72%. Nëmmen 19% soen dozou Kaffiskichelcher, woubäi och 4% déi zwou Bezeechnunge benotzt hunn. D'Verhältnis ass also kloer, et gëtt eng Haaptvariant an eng Niewevariant.

Et ass och net esou, wéi wann ee just an enger Regioun Kaffiskichelchen soe géif a soss am Land Mëtsch. Wann ee sech d'Kaart ukuckt, gëtt däitlech, datt een net wierklech eng regional Verdeelung ausmaache kann, och wann de Kaffiskichelchen am Zentrum an am nërdlechen Osten méi konzentréiert optrëtt an op der Musel an am Norde vum Land ganz seele virkënnt.

RTL

Den Alter schéngt awer hei erëm eng interessant Variabel ze sinn, déi Afloss op d'Verdeelung huet. Sinn d'Participantë méi jonk, soen se nämlech éischter Mëtsch, si se méi al, ass d'Wahrscheinlechkeet, datt se Kaffiskichelche soen, méi héich. An dësem Fall gëtt et also duerchaus Evidenz dofir, datt mir et hei mat Sproochwandel ze dinn hunn.

RTL

En ähnlecht Bild weist sech bei der Eclair – och wann d'Verdeelung vun der Heefegkeet hei quasi 50/50 ass. 46% soen Eclair mat engem laangen e a 54% mat engem ë [ə]. Op der Kaart loossen sech, genau wéi fir d'Mëtschen, keng wierklech Varianteregiounen ausmaachen. Kuckt een allerdéngs méi genau, gesäit een an der ieweschter Hallschent méi blo, also Eclair mat laangem e, an an der ënneschter méi rout, d.h. Eclair mat ë.

RTL

Hei lount sech och erëm ee Bléck op d'Variabel Alter. Och wann d'Zuele am Allgemenge manner kloer sinn, gesäit een och hei, datt jonk Participanten am Géigesaz zu eelere manner zu Eclair mat laangem e wéi zu Eclair mat ë [ə] tendéieren. Et kann een also och hei vu Sproochwandel schwätzen, woubäi et sech an dësem Fall éischter ëm eng Assimilatioun vun der Aussprooch handelt. Schwätzt een Eclair mat laangem e aus, beweegt sech d'Aussprooch méi no un der franséischer – aus dem Franséische kënnt dëst Wuert jo och. Seet een Eclair mat ë gläicht een d'Aussprooch un d'Lëtzebuergescht un. A Saache Betounung ass dës Assimilatioun scho méi wäit fortgeschratt – zu 97% gëtt Eclair op der éischter an net op der zweeter a leschter Silb betount.

RTL

Summa sumarum: Wann Dir jonk sidd, schéckt Dir Är besser Hallschent wahrscheinlech éischter Mëtschen an eng [ə]clair sichen. Hutt Dir schonn ee gréissert Stéck vum Liewen hannert Iech bruecht, ass d'Chance grouss, datt den Uerder ass: „Kanns du eis w.e.g. nach séier e puer Kaffiskichelcher an eng [e:]clair fir d’Tatta Margréit siche goen!?“

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.

Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)

  1. Päiperlek (24. Juli)
  2. Kéiseker (26. Juli)
  3. Puppelchen (31. Juli)
  4. verzielen (2. August)
  5. Poubelle (7. August)
  6. virwëtzeg (9. August)
  7. Villercher (14. August)
  8. Eeër (16. August)
  9. kaf/kaaft (21. August)
  10. Kaffiskichelchen (23. August)


    [block type="attachment" id="56285395" __caption="AUDIO: Schnëssen: Mëtschen an Eclair"]