"Bitzen" – e Verb mat ville regionale Varianten

© AFP
Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.
An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

Huet d‘Néiesch gëschter gebitzt, gebutt, gebikst, gebukt oder awer gebéizt? Wéi eng Form dëst Verb am Partizip Perfekt unhëlt, huet ënner anerem domat ze dinn, a wéi engem Deel vum Land mir eis ophalen.
Bei der Auswäertung vun den 1412 Sätz, an deenen dëst Verb virkoum, konnten aacht Variante festgestallt ginn: gebitzt, gebutt, gebout, gebikst, gebukt, gebéitzt, genäht a genéit. Ausserdeem koum vereenzelt och genitt oder gebéitscht vir – Dës Variante goufen allerdéngs opgrond vun hirem seelene Virkommen ënner „Aner“ klasséiert.

Kuckt ee sech d’Kaart un, fält engem direkt an d’A, datt gebitzt (72% / n=820) a gebutt am heefegste (16% / n=182) beluecht sinn. Déi aner Varianten deelen sech méi oder wéineger gläichméisseg op déi verbleiwend 12% op. Just gebukt a gebéitzt weisen ee méi déiwe Prozentsaz par rapport zu den anere Varianten op.
Am Verglach mat der Kaart aus dem Luxemburgischen Sprachatlas (1950-1977; LSA) weist sech ausserdeem, datt d’regional Verdeelung vun deemools och haut nach erëmzëerkennen ass. Am Nordweste kënnt d’Variant biksen mat dem Partizip Perfekt gebikst bzw. gebukt, am Nordosten an zum Deel nach am Osten d’Variant béitzen mam Partizp Perfekt gebéitzt bzw. gebout an dotëscht an am Süden bitzen mat dem Partizip Perfekt gebitzt a gebutt vir. Op dëser LSA-Kaart net verzeechent sinn d’Varianten nähen an néien, déi vereenzelt an enger west-ëstlecher Sträif iwwer Dikrech respektiv vum Südwesten bis an d‘Muselregioun virkommen. Consultéiert een hei d’LSA-Kaart zu méi(n)en/néien gesäit een, datt d’Variant néien och virun ca. 100 Joer schonn eng Roll gespillt huet, woubäi d’Regioun haut net méi esou konkret ëmrass ka ginn, wéi deemools.

Schliisslech, an dat ass och virdru schonn ugeklongen, kann nieft der regionaler nach eng weider Variatioun, déi sech konkret op de Partizip Perfekt bezitt, ausgemaach ginn – si betrëfft de Vokal am Stamm vum Wuert. Bei all de regionale Variante vu bitzen (léisst een nähen an néien ausser Uecht) sti sech am Partizip Perfekt jeeweils 2 Ausprägunge géintiwwer: gebitzt – gebutt, gebikst – gebukt, gebéitzt – gebout. Eng Variant mat Réckëmlaut (gebutt, gebukt, gebout) steet enger weiderer ouni Réckëmlaut (gebitzt, gebikst, gebéitzt) géintiwwer. Vu datt sech dëst Phänomen an alle regionale Variante weist, handelt es sech heibäi ëm e méi allgemenge Mechanismus.
Ass dat hei Sproochwandel? Dës Fro hei ze stellen, ass méi wéi legitim. An dowéinst muss een e Bléck op d’Verdeelung no Alter geheien. Hei loosse sech allerdéngs keng kloer Tendenzen erausliesen. Generell kann een awer soen, datt déi ëmgelaut Varianten (gebitzt, gebikst, gebéizt) onofhängeg vum Alter méi heefeg benotzt ginn. Geheit een e Bléck an d’Sproochgeschicht, kann een déi net ëmgelaut Varianten als déi méi al ausmaachen, wat dorop hiweist, datt mir et hei effektiv mat Sproochwandel ze dinn hunn, och wann déi 2 Variante scho laang a wahrscheinlech, an dorop weisen eis Daten hin – ëmmerhin benotzen och vill Jonker déi méi al Varianten nach – nach laang am Gebrauch wäerte sinn.

Wichteg ze soen, ass och nach, datt een d’Variant nähen net ouni Weideres op Sproochkontakt zeréckféiere kann. Kuckt ee sech nämlech d’Relatioun tëscht den Nennunge vun dëser Variant mat der Kompetenz am Däitschen un, fält op, datt jee méi héich Kompetenz am Däitschen, desto manner där Nennungen.

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!
"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.
D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...
Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.
RTL-ARTIKEL: Eng nei App - Drop lass schnëssen ... fir d'Fuerschung!
Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.
Facebook: https://facebook.com/schnessen
Twitter: https://twitter.com/schnessen
Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen
E-Mail: schnessen@uni.lu
Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke
(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018
Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)
- Päiperlek (24. Juli)
- Kéiseker (26. Juli)
- Puppelchen (31. Juli)
- verzielen (2. August)
- Poubelle (7. August)
- virwëtzeg (9. August)
- Villercher (14. August)
- Eeër (16. August)
- kaf/kaaft (21. August)
- Kaffiskichelchen (23. August)
- bitzen (28. August)
[block type="attachment" id="56370738" __caption="AUDIO: Komm mir schnëssen iwwer: Bitzen"]