"D'Fra vun uewen handelt mat Ënnen, an de Mann vun ënnen handelt mat Uewen"

© AFP
Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.
An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

Dëst Wuertspill, dat schonn am Luxemburger Wörterbuch ënnert Ënn stoung, mécht mat där Variant spilleresch den Uz. Ënnen, ob mir se als Zopp kachen, an d’Zalot schneiden oder en Hamburger domat dekoréieren, an der kulinarescher Welt si se net ewech ze denken. Dowéinst hu mir 1318 Leit iwwer d’Schnëssen-App gefrot, wéi si dat Geméis nennen a koumen zum Resultat, datt et dräi Variante gëtt, déi zesummen 93,2% vun den Opnamen representéieren. Déi aner Prozent manifestéiere sech a Form vu Participanten, déi béid Ausdréck benotzen, Schalott an "Aner" (z.B.: Oignon, Zwiwweleken, oder Ënnercher).

Dësen Diagramm weist, datt bal zwee Drëttel (65,5%) vun de Leit den Ausdrock Ënn benotzen, wat eng däitlech Majoritéit duerstellt. Duerno ass et Zwiwwel mat knapp engem Fënneftel (18,7%) vun de Befroten, an Zwibbel mat quasi engem Zéngtel (9,0%). Nëmmen e klengen Deel vun de Spriecher, 3,1% huet uginn, béid Wierder aktiv ze benotzen. D’Variatioun bei dësem Begrëff ass also däitlech limitéiert.
Ausserdeem ass déi regional Verdeelung vun deenen eenzele Varianten interessant. Si weist beispillsweis, datt am Oste vum Land opfalend vill Spriecher Zwiwwel (rout) benotzen, am Géigesaz zum Norden, an deem gréisstendeels Ënn (blo) existéiert. Eng Besonneschheet vun dëser Kaart ass de Beweis, datt am Minett immens konsequent déi lokal Variant Zwibbel (gréng) gebraucht gëtt, déi a quasi kengen anere Géigende vum Land virkënnt. Interessant ass dat, well ee wéinst dem b (Zwibbel) denke kéint, datt ee sech méi no un där däitscher Sprooch orientéiert, Zwibbel allerdéngs net am Osten, mee am Süden, also no um franséische Grenzgebitt ze fannen ass.

Kuckt ee sech d’Verdeelung vun deene verschiddene Resultater gestaffelt nom Alter un, mierkt een datt Ënn méi representéiert ass, wat de Spriecher méi al ass. Dëst bedeit, datt bei méi jonke Participanten dës Variant méi a méi vun Zwiwwel ënner Drock gesat a verdrängt gëtt. Zwiwwel kennt soumat eng Entwécklung an déi entgéint gesate Richtung, wat de Participant méi al ass, wat d’Bedeitung vun dëser Variant méi ofhëlt.

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!
"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.
D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...
Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.
RTL-ARTIKEL: Eng nei App - Drop lass schnëssen ... fir d'Fuerschung!
Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.
Facebook: https://facebook.com/schnessen
Twitter: https://twitter.com/schnessen
Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen
E-Mail: schnessen@uni.lu
Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke
(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018
Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)
- Päiperlek (24. Juli)
- Kéiseker (26. Juli)
- Puppelchen (31. Juli)
- verzielen (2. August)
- Poubelle (7. August)
- virwëtzeg (9. August)
- Villercher (14. August)
- Eeër (16. August)
- kaf/kaaft (21. August)
- Kaffiskichelchen (23. August)
- bitzen (28. August)
- Ënn (30. August)
Domat wier dës Summerserie vun der Uni a vun RTL ofgeschloss. Mir hoffen, se huet Iech gefall ... a motivéiert, bei der Schnëssen-App matzemaachen!

© AFP