Ananas geschielt, a Stécker geschnidden an a Plastik verpak. Sou soll dem Konsument d’Liewe méi einfach gemaach ginn.

Ma och net-geschniddent Uebst kritt ee gréisstendeels am Plastik verpak ze kafen – obwuel dat deelweis guer net néideg wier.

D’Resultat: Ronn 50 Kilo Plastiksverpackunge verbrauch ee Lëtzebuerger duerchschnëttlech d’Joer. Viru puer Méint gouf dofir eng Petitioun géint d’Plastiksverpackung lancéiert. Iwwer 5.000 Ënnerschrëften huet d’Petitioun kritt a viru kuerzem gouf dunn an der Chamber driwwer debattéiert.

Wa mer akafe ginn, muss et dacks séier goen. Fäerdeg geschniddent Geméis oder Uebst si praktesch a vereinfachen eis d’Liewen. Dowéinst komme se an den Akafsweenchen. Ma leider ass genee dat fir eis Ëmwelt net ganz esou praktesch. All Joer lande ronn 10 Milliounen Tonne Plastik am Mier a belaaschte sou d’Ëmwelt. Zu Lëtzebuerg ware mer am Joer 2000 bei 10.000 Tonne Plastikverbauch. Mëttlerweil sinn et scho ronn 30.000 Tonnen d‘Joer.

Am Supermarché zu Uewerpallen gëtt dowéinst schonn zanter laangem probéiert esou gutt et geet op Plastik ze verzichten. Ma leider trëfft ee nach ëmmer op déi eng oder aner Erausfuerderung, wann een de Plastik am Supermarché evitéieren oder reduzéiere wëll. Vill Liewensmëttel, déi eigentlech keng Verpackung bräichten, leien am Plastik verpak am Rayon.

Virun allem Bio-Uebst a Geméis, well un déi keng Pestizide vun anerem Uebst oder Geméis kommen däerf.

Dorop kann ee verzichten, wann een a Biobutteker akeeft. Aner Méiglechkeeten, fir Uebst a Geméis am lassenen ze kafen, ass op engem Maart oder a Butteker, déi nëmme Wueren ouni Verpackung verkafen. Zu Lëtzebuerg gëtt et dovun awer just een eenzegen. Den OUNI.

Bis Plastik sech an der Natur komplett dekomposéiert huet, dauert et 350 bis 400 Joer. An där Zäitspan zersetzt e sech an ëmmer méi kleng Partikel. De sougenannte Mikroplastik, deen gär mol am Mier oder a Flëss lant an dann och do bleift. Et geet een dovun aus, dass op all Quadratmeter Mier, 46.000 Deeler Plastik schwammen.

Zuelen, mat deenen ee vläicht net direkt eppes ufänke kann, ma d’Biller vun den eenzele Stränn oder Mierer schwätze fir sech. Wann een am Alldag bëssen oppasst a kleng Gewunnechte verännert, kann ee säi Plastikverbrauch schonn enorm reduzéieren.

Ob sech zu Lëtzebuerg an Zukunft effektiv eppes ännere wäert, bleift nach ofzewaarden. Déi éischt Schrëtt an déi richteg Richtung sinn jiddefalls elo scho mol gemaach.