Party-Alternative gesichtDisco-Landschaft erlieft duerch Corona-Kris e Wandel

RTL Lëtzebuerg
D'Nuetsliewen huet besonnesch ënnert dem Coronavirus gelidden. Eidel Diskothéiken a keng Leit méi, déi no Hallefnuecht Party maachen dierfen.

Ma net all Party-Organisatiounen hunn dorënner gelidden. Wéinst der Pandemie hu missen d’Diskoen zoumaachen. Et dierf net gedanzt ginn, d’Bestellen un der Bar ass och net erlaabt an um Hallefnuecht muss zou sinn.

Party-Organisatiounen - Reportage Morgane Denozi

De Gotham an der Stad ass vun dësem Problem betraff. Zanter dem Lockdown hu si keng Clientë méi empfänke kënnen. Dat bréngt vill finanziell Problemer, wei de Manager Marcello Rameri erkläert:

„Et ass natierlech schwéier, wann absolut näischt erakënnt, sou ze iwwerliewen. Ech mengen, verschidde Käschte bleiwen nach ëmmer fix, wéi de Loyer. Dat heescht, dat muss een alles bezuelen, mee et kënnt awer näischt eran. Et ass immens schwéier an et fänkt elo un, richteg laang ze ginn no 5 Méint.”

Den Hashtag #dontforgetus weist dorop hin, dass sech vill Leit aus dësem Secteur vum Staat am Stach gelooss fillen.
Och wann et eng schwéier Zäit ass, kuckt den Associé vum Gotham positiv an Zukunft.

Bob Krier:„Mir hu geplangt, fir ab Oktober aus dem Gotham e Restaurant festif ze maachen. Dat heescht, wou d’Leit awer sëtzen. Wou all déi Mesurë respektéiert ginn a wou se awer kënne kommen a sech amuséieren, eppes Flottes iessen, mat Musek a Stëmmung.”

Party-Alternative gesicht Disco-Landschaft erlieft duerch Corona-Kris e Wandel

Back to Top
CIM LOGO