Direkt duebel trëtt de grousse Volvo-SUV um Festival 2025 op.

Spannend gemaach

Lescht Joer hu mer nach op e gewaart, dëst Joer ass deen neien EX90 sécher um Festival ze gesinn. An alle Sparten soll dee groussen E-SUV e Superlativ sinn; sief et an de Moossen mat Plaz fir maximal 7 Passagéier, der Technologie a Form vun engem neie Zentralsystem iwwert deen all elektronesch Funktioune lafen, bis zu enger maximaler Autonomie vu 619 km. Gläichzäiteg gouf de Verbrenner-Brudder XC90 och nach emol grëndlech iwwerschafft. Dat heescht ënnert anerem: en neien Design am Stil vun den Elektro-Modeller an en neien Infotainment.