Star um Festival ass bestëmmt deen neie Land Cruiser.

Traditioun verpflicht

Wann an der Kategorie vun de Gelännween een Auto zur Ikon ginn ass, dann den Toyota Land Cruiser. Déi elo neiste Generatioun bleift sengem Ierwen dann och trei a bréngt nieft dem robuste Look och robust Technik mat. Wéi fréier steet de Land Cruiser op engem richtegen an iwweregens och nei entwéckelte Chassis, a soll natierlech am Terrain wéi op der Strooss seng Talenter behalen. Genee esou traditionell ware bei Toyota och nach ëmmer kleng Autoe wéi aktuell de Yaris. Dee krut elo zesumme mat senger Versioun am Offroad-Look, dem Yaris Cross en opteschen an techneschen Update. Ganz nei ass hei d’Versioun Hybrid 130. Vum Facelift betraff war dann och de GR Yaris, deen Toyota mat e puer Päerd méi an enger Rëtsch Verbesserungen tatsächlech nach emol opgeluecht hat. Allerdéngs waren déi puer fir Europa virgesinnen Exemplairen genee esou séier nees ausverkaf.