D’Gamm vu Mini gëtt mat zwou Première komplettéiert – elo feelt nach just gutt Wieder!

Keng Ausried méi

An nëmmen 18 Sekonnen ass de Stoffdaach vum neie Mini Cooper Cabrio op. An da soll dem Chauffer, esou versprécht Mini, nees de volle Cabrio-Feeling gebuede ginn. Net feelen dierf och beim neisten oppene Modell den “Always Open Timer”, deen zielt, wéi laang den Daach op ass.

Et richt no Motorsport

Fans ginn net enttäuscht; Mini bréngt nees den John Cooper Works. An dee setzt och erëm op 231 PS aus dem Twinpower 4-Zylinder Bensinner esouwéi op eng Stroosselaach mat Go-Kart-Feeling.