Am Kader vun der House of Brands-Strategie huet Jaguar-LandRover, kuerz JLR, 3 nei Marke kreéiert.

Fit gemaach

De Bestseller Evoque kritt ee Facelift. Baussen deet sech net ganz vill, dofir méi beim Banneraum an ënnert dem Blech. Den Design vum Tableau mam Bildschierm gouf iwwerschafft, d’Sëtzer kréien een neie Stoff an d’Luuchten eng nei Pixel LED-Technik, dëst fir e puer Highlights ze nennen. Ënnert anerem déi selwecht Renovatioun krut de grousse Brudder Velar spendéiert. Virun allem de Confort an d’Autonomie vun der Hybrid-Versioun goufe verbessert. Kee Facelift mee dofir een neien Topmodell: de Range Rover Sport SV markéiert mat 635 PS d’Spëtzt bei Range Rover a brauch just 3,6 Sekonne op 100. Grouss Première feiert déi nei Loftfiederung 6D Dynamics: si soll de Spagat tëscht Sport a Confort beschtens meeschteren.