Defaillance vu Schinn a Probleem mat Diere ware Schold u Perturbatiounen

© RTL-Archivbild
E Freideg koum et am Zuchverkéier zu direkt zwee gréisseren Tëschefäll an dat grad an de Spëtzenzäiten.
E Freideg de Moie gouf et e Probleem virun der Hollerecher Gare. Dem Maschinist vun der Linn Käerjeng-Suessem-Rodange-Athus war opgefall, dass et e Problem mat den Diere gouf. Fir sécher ze sinn, dass keng Passagéier erausklammen a riskéieren, vun engem Zuch gepaakt ze ginn, gouf en allgemengen Alarm ausgeléist, dee fir 20 Minutten den Trafic blockéiert huet, sou de Marc Schlammes, Chef vun der Kommunikatioun vun den CFL.
An esou engem Fall géing et ëmmer un éischter Stell ëm d'Sécherheetsbestëmmunge goen, déi bei den CFL ganz strikt wieren, datt déi och géifen agehale ginn, sou nach de Marc Schlammes.
E Freideg am spéiden Nomëtteg sinn d’Linnen Esch-Rodange a Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz ausgefall, dat wéinst engem Problem un enger Schinn. Dës wier dunn och direkt gefléckt ginn, well eng Schinn, déi net méi richteg intakt wier, wier ëmmer e Sécherheetsrisiko, sou de Marc Schlammes.
An der Nuecht op e Samschdeg waren déi Aarbechten dann ofgeschloss, esou datt den Zuchtrafic am Land nees normal funktionéiert.