Steieroptimiséierung, Legalitéit, Moralitéit a ganz vill Suen

D'LuxFiles handele vu belsche Suen hei zu Lëtzebuerg. Wéi vill auslännescht Kapital ass insgesamt hei zu Lëtzebuerg placéiert? Mat wéi engem Zweck, mat wéi engem Recht? Mat wéi enge Konsequenze fir eisen Image? A wéi aktuell ass déi Praxis? De Ben Frin stellt e puer Froen ...
Erstaunt dierft de Moie keen iwwer den Artikel am Soir gewiescht sinn, op d'mannst net, wann ee sech op eiser Finanzplaz Private Banker nennt, fir eng Fiduciaire oder e Familyoffice schafft. Dass Soparfien, SPFen, SCIen oder aner Forme vun SAen an SARLen anescht besteiert gi wéi natierlech Persounen, ass nämlech alles anescht wéi nei. An och iwwerhaapt net illegal.
Mä vu wellechem Ausmooss schwätze mer hei eigentlech? Wann eleng belsch Residenten 48 Milliarden Euro sollen hei am Land op Gesellschafte stoen hunn, dann dierf ee sech roueg froen, op wellech Zomme mer kommen, wa mer no allen anere Länner, Däitscher, Fransousen, Russen an esou viru froen. A, jo, an no de Lëtzebuerger selwer, well och deene verbitt jo am Prinzip keen, eng Gesellschaft ze hunn, an där Kapital oder Verméigen ze iwwerdroen. Dat ass nämlech, wéi gesot, absolut legal, all wirtschaftlech Berechtegte vun enger Gesellschaft muss nämlech bekannt sinn, seng Revenuen am Prinzip senger zoustänneger Steieradministratioun gemellt ginn, ob am Ausland oder hei am Land, Informatiounsaustausch nennt een dat, virum Steierbüro eppes verstoppen, dat soll net méi klappen, och net ënnert dem Mantel vun enger Gesellschaft.
An och am Ausland ass et net verbueden, dat soll emol kloer ënnerstrach ginn, eng Gesellschaft ze grënnen, och wann ee villäicht mat där seng Steieren optimiséiert, dat ass am Ausland grad esou legal wéi hei och, wann natierlech elo erëm op déi kleng wäert geklappt ginn.
Nee, mir froen eis hei net no der Legalitéit, mä no der Moral, awer wann ech gelift net nëmme wéi moralesch d'Finanzplaz Lëtzebuerg ass, mä wéi moralesch Steieroptimiséierung generell, jo weltwäit ass.
Villäicht hätte mer de Finanzminister gëschter solle froen, wéi en eis erkläert huet, wéi hien an de leschte Joren d'Finanzplaz renovéiert huet, se vun alle schwaarze Lëschte krut an d'Bankgeheimnis ofgeschaaft huet, ob all Form vu Steieroptimiséierung dann elo hei am Land onméiglech ass, a wéi moralesch esou eng Finanzplaz-Renovatioun eigentlech war.
Dat wollt ech en dann haut froen, kuerzerhand krut ech de Rendez-vous fir den Interview awer nees ofgesot, all Stellungnam zum Sujet gouf refuséiert.
Mä gutt, dat ass och eng Äntwert. Iergend eng Kéier wäerte mer eis Froe jo awer dierfe stellen, da froen ech mech, op sech d'Politik dës Kéier nees hannert der Vergaangenheet wäert kënne verstoppen a soen, dass dëse Modell vill Joren zeréckläit an haut net méi existéiert. Well do sinn ech anerer Meenung wéi de Franz Fayot, am Contraire zu de Panama-Papers schwätze mer bei sougenannte Luxfiles-Revelatioune vun enger Praxis aus der Géigewaart.
Eleng 30.000 Soparfie gëtt et nämlech och haut nach, héieren ech aus dem Secteur, all eenzel bezilt pro Joer ronn 4.500 Euro an d'Staatskeess, 135 Milliounen Euro Recetten, déi esou zesummekéimen, wann dës Zuele stëmmen, en net ze vernoléissegende Revenu. (Net all Soparfi gëtt eleng fir d'Steieroptimiséierung gebraucht.) Wéi vill Clienten halen hiert Geld eigentlech op engem ganz normale Girokont bei der Bank, ganz ouni Gesellschaft? Wéi vill vun hinne gi léiwer bei Family-Officen, Domiciliatairen, esou wéi se am Soir-Artikel genannt sinn, a bei Banken, déi selwer sougenannte Family-Office-Servicer ubidden? Wellecht Ausmooss huet dat Ganzt, wéi legal ass et, mä virun allem: Wou ass d'Moral vun der Geschicht a wou sinn d'Grenze fir eis Finanzplaz. Froen, déi mer wäerte musse stellen, alt erëm.
An nach eppes: Wéi kann et eigentlech sinn, dass Dokumenter an dem Ausmooss aus eisem Online-Handelsregëster RCSL geluede konnte ginn? Ass do net villäicht eppes schif gaangen?