Affär Staatsrot : D’Demokratie an der Kris ?

D'Affaire ëm d'Net-Nominatioun vun der grénger Kandidatin Joëlle Christen léisst déif blécken. Déi Gréng weise sech net nëmmen an hirer Éier blesséiert, mee stellen de System vun de Nominatioune bannent dem Staatsrot a Fro. De Chefredakter Roy Grotz ass entretemps a sengen Iwwerleeungen e Schrëtt weider.
... an huet interesséiert de Reaktiounen haut nogelauschtert, déi de Staatsrot, säi Fonctionnement an d'Designéiere vu senge Kandidaten ugeet. Déi Gréng sinn entsat a schockéiert an annoncéiere Recoursen, vill Commentateure weise sech iwwerrascht iwwert de geheime Vote vun der Maître Lamesch, an nach Anerer wéi Déi Lénk soe carrèment datt d'Ernennungs-Prozedur fir d'Institutioun um Bockfiels, der Wéi vum Land, net-transparent an ondemokratesch wier.
Wat ass vun Allem ze halen?
Bis dato ass et sou, datt sech déi Gréng wuel net ganz schlau ugeluecht hunn, fir hir Kandidatin duerchzekréien, ëmsou méi, wann et heescht, datt et de President vum Staatsrot himself war, deen nach Präzisiounen zu der Kandidatin Christen gefrot hat, well si net ganz dem gesichte Profil entsprach huet. Dës Ajoute koumen um Datum vum 1. Mee am Staatsrot un, an d'Argumentatioun vun der Fammilljrechtlerin Christen war déi, datt si ëmmerhin géif an der Bautekommissioun vun der Gemeng Betzder sëtzen, an domat och den néidege Bagage u Know-How an der Landesplanung an an Ëmweltfroen géif mat bréngen.
Et gëtt engem dach iergendwéi ze denken, datt wann e Profil, deen anscheinend selwer vu grénge Parteileit geschriwwe gouf, dann net och vun hiren eegenen Kandidaten ka respektéiert ginn - do war wuel net esou ganz gutt iwwerluecht a sech ze vill verlooss ginn, op dat, wat een aus dem Artikel 7 vum neien Gesetz iwwert de Staatsrot kann eraus interpretéieren iwwert de Parteieproporz deen ze spillen huet.
Dobäi gesäit d'Gesetz net vir, datt d'Recht vum Proposéiere bei enger Partei läit a wann dann och ee ka kloen a Recours areechen géint de Vote vu dann sinn et wuel déi eenzel interesséiert Leit an net d'Parteien, mee heiriwwer wäert statuéiert ginn.
Well déi gréng Parteicheffe Folmer a Kmiotek mat culottéiertem Toun d'Aart a Weis attackéiert hunn, wéi geheim ofgestëmmt gouf, an dat och an engem Bréif un de President vum Staatsrot formuléiert hunn, muss sech elo awer och dës Kierperschaft erklären an zu hirem Fonctionnement stoen. Dat ka si dach sécher.
No de Juristen, déi am Staatsrot beieneekommen, ass et um Freideg de Bureau an da misst dach wuel mat Erklärungen an Opklärunge gerechent ginn. Enger Persoun wär et allemol ze wënschen - nämlech der "onofhängeger" Kandidatin Lamesch, déi jo haushéich gewielt an lo dem Grand-Duc proposéiert gëtt.
Wéi eng Rumeuren a wéi ee Schied op hir laaschten, ass kloer. Um Staatsrot ass elo kloerzestellen, wat war an ass an op d'Froe vun deene Gréngen ze äntweren: et géif der Institutioun gutt doen a falsch Accusatiounen aus dem Wee raumen.