Fréijoersgefiller fir Blo-Rout-Gréng

Et ass e klore Verdikt iwwert d'Aarbecht vun der Dräier-Koalitioun am Politmonitor, dee gëscht an haut an d'ganz nächst Woch publizéiert gëtt: Gambia spiert d'Fréijoer a kann d'Popularitéit an d'Vertraue vun de gefrote Leit och an déi richteg Tauxen ëmsetzen. De Chefredakter vu Radio Lëtzebuerg, Roy Grotz, ass virwëtzeg, wat d'aktuell Koalitioun wuel mam rezenten Sondage ufänkt ...
... well Blo-Rout-Gréng net méi weider brauchen defätistesch an d'Zukunft ze kucken, mä sech kënnen soe: "Gesitt, léif Oppositioun, mir hunn eis eppes getraut, mir hunn eppes gewot, mir hunn de Wielerwëllen no eisem Goût interpretéiert, a mir kréien dat elo (enfin) och honoréiert." Sécher: D'Sonndesfro publizéiere mer op eiser Antenn eréischt d'nächst Woch, mä wann d'gefrote Leit, ëmmerhin en Echantillon vun iwwer 1.000 walberechtege Bierger, soen, datt se zu 54% Vertrauen an d'Regierung hunn, dann ass dat e gudden Score, mat deem ee kann an eng Campagne goen - ëmmerhin louch deen Taux bei 63%, wéi Gambia sech 2013 forméiert hat, war nom Referendum-Desaster bis op 33% erofgefall, fir ebe lo bal nees um Ausgangs-Score ze sinn. En Desaveu gesäit anescht aus.
RTL-News: Politmonitor, Deel 1.
Mä natierlech muss d'Analys méi reng gemeet ginn, an zwar op de Parteien, an déi d'gefrote Leit Vertrauen hunn. A Prozenter: 47 - 52 - 56 - dat ass DP-LSAP-Gréng, mat Gaine vun 2, 5 resp. 6 Punkten. Deem géintiwwer nach ëmmer d'Primadonna CSV mat 60%, mä engem Minus vun 2 Punkten. Am Kloertext: kee vun den 3 Koalitionäre fält of a jiddweree kéint prett sinn, fir mat der CSV an eng Koalitioun ze goen - ausser natierlech - et géing duer fir d'Suite vun der Gambia ... wat um Dag vun haut och net méi vun der Hand ze weisen ass - firwat?
Well fir d'Bierger de Referendums-Lapsus verjäert ass a si de frësche Wand vun der Dräier op eemol awer als net esou desagreabel empfannen - well geleescht gouf jo vill, dat ass net ofzestreiden, wann och fir déi eng ze séier oder net koordinéiert an ze haseleg a schlecht kommunizéiert, mä et waren "Macher" um Wierk; ideologesch Scheiklappe goufen deenen 3 reprochéiert, mä um Enn goufen Dossieren ouni A-Priorien ugepaakt an op en Enn gefouert. Bis elo op d'mannst. D'Fro ass also, wien dann elo am beschte beienee passt a wien déi bescht a capabelst Kandidaten huet, fir mat an d'Course ze goen - dee Beauty Contest a Saache Sympathie a Kompetenz publizéiere mer den Owend.
Interessant nach an de rezente Chifferen ze bemierken, dass och d'ADR an der Vertrauensfro em 6 Punkte bäileet, den Effekt vun de Wee2050-Kandidaten huet also säin Effekt geleescht - och wann 68% vun de gefrote Leit soten, datt si kee Vertrauen an dës Partei hätten - mä Sondagë sinn eng Saach, d'Walurnen eng aner.
A léif Politiker, dann eng ofschléissend Remark: D'Leit, déi gefrot goufen, soten zu zwee Drëttel, datt se gär den Zweck vun hirer Stëmm wéissten, also gär eng Koalitiounsausso hätten - ondenkbar, nediert, am konsensuelle Lëtzebuerg, wou sech all Diere bis zum Enn opgelooss ginn ... mä do ticken d'Politiker definitiv anescht wéi d'Leit, de Bierger, de Wieler ... ech denken et wier Zäit, och do d'Kéier ze kréien a sech op Basis vun de Walprogrammer fir e potenzielle Wonsch-Partner auszeschwätzen ... et wier e schéine Gest vu politescher Éierlechkeet u jiddereen - oder geet et éieren net dorëms bei de Walen?