Net einfach hikucken an net ewechkucken!

Am neie Film vum Pol Cruchten, dem Ëmweltthriller "Justice_dot_ net", zwéngen Aktiviste 4 Politiker a Patronen op brutaalst Manéier, sech mat den Ëmweltschied vun hirem Handelen ausenanerzesetzen. Sequestratioun, psychologeschen Terror a physesch Privatioune gi gefilmt an dat Ganzt gëtt live um Internet ausgestraalt. D'Bérengère Beffort huet sech gefrot, wéi een als Zuschauer mat der Fro vun der Selbstjustiz a Schock-Biller ëmgeet.
Ouni ze vill wëlle vum Film ze verroden: Do gëtt et eng Zeen, wou d'Aktivisten en Aveu forcéiere wëllen. Well déi 4 Patronen a Politiker duerch hir Entscheedungen, extrem Schied un der Ëmwelt zougelooss a verursaacht hunn, solle si um eegene Läif ze spiere kréien, wat et heescht, kee proppert Drénkwaasser ze hunn. Also ginn d'Kidnapper hinne Fläsche mat enger suspekter bronger Flëssegkeet a fuerdere si op, dat ze drénken, wat och Milliounen aarm Leit drénke mussen, wa Geld a Gier den Zougang zu guddem Waasser privatiséiert huet.
D'Aktiviste verlaangen Asiicht a Rei. Mä well si d'Leit sequestréieren, well psycheschen Terror a Foltermethode gebraucht ginn, gëtt de 4 Beschëllegten och all Mënschlechkeet entzunn. Als Spectateur ass séier kloer: Esou geet et net. Hei gëtt dat elementaart Recht op e faire Prozess mat Féiss getrëppelt. En Ugrëff op d'Integritéit vun den "Beschëllegten" ass op kee Fall akzeptabel.
Mä loosse mir éierlech sinn. Et ass net, well ee selwer net esou Methode benotze géif, also sech d'Hänn net knaschteg mécht, datt ee forcement e gutt Gewësse kann hunn. Well déi massiv negativ Impakter op d'Natur, wa mir weider esou wirtschafte bis elo, sinn net ze iwwersinn. E Mier voller Plastik, eng verpeschte Loft an Iwwerschwemmungen.
D'Menacë fir eise Planéit sinn awer kee Fräifaartsschäin, fir Selbstjustiz auszeüben. Grad dës Ausenanersetzung mat deem, wat mir kucken an onreflektéiert hinhuelen, respektiv guer net wëlle gesinn, ass dem Realisateur Pol Cruchten immens wichteg. Sai Film konfrontéiert de Spectateur mat der eegener Feigheet respektiv Cruautéit. Entweder well ee sech d'Aen zouhält oder well een eben hikuckt, ouni ze hannerfroen.
D'Aktivisten am Film Justice_dot_net hunn en extraen Internetsite ageriicht, fir datt d'Léit bewäerte sollen, ob Patronen a Politiker schëlleg sinn oder net. Also Daumen erop oder erof. Schwaarz oder wäiss. Ouni Nuancen.
Sou ass et um Enn eng Iwwerzeegung: Blann Revanche ass net d'Léisung. Et brauch vill Courage fir opzestoen a Mëssstänn ze denoncéieren, ouni den eegene moralesche Kompass e verléieren. An eben net an Onmënschlechkeet ofzerutschen.