Nach si se op der Inspection générale des Finances am gaangen ze sortéieren, wiem, wou, wat gehéiert beim Luxembourg Science Center. Mee verschidde Lektiounen kann een nawell elo schonn aus dësem ganz besonnesche Public-Private-Partnership zéien, mengt d’Michèle Sinner a sengem Commentaire.

E Commentaire vum Michèle Sinner

Hien huet sech schlau ugeluecht, dat muss een dem Nicolas Didier loossen. De fréieren Diplomat huet d’Soen, souwuel an der Déifferdenger ASBL Luxembourg Science Center, wéi an der Privatfirma GGM11, déi vun den Opträg vum Science Center lieft, dee sengersäits vum Educatiounsministère subventionéiert gëtt. Seng „Chaine de Valeur“, wéi en an der Welt vun den Affären an dem Entreprenariat géing soen, ass exklusiv vum Staat oder Fondatiounen finanzéiert. Hien huet de Public-Private-Partnership souzesoen nei definéiert: De Staat bezilt an de Privatsecteur decidéiert, wat geschitt.

Dat ass him och gelongen, well e sech mat wichtege Leit ëmginn huet, déi senger Cause e gewësse Seriö ginn. A sengem Verwaltungsrot ware grouss Industriepatronen, sinn dichteg Geschäftsaffekoten, déi hien domat u Bord krut, datt de Projet géif Kanner fir Science-Beruffer begeeschteren. Wann een d’Promotiounsmaterial kuckt, mengt ee ganz Generatioune vu Kënnercher géifen nom Passage am Science Center hannen als Ingenieuren, wann net souguer Astrophysiker zur Dier eraus goen. Op jiddwer Fall dreeme se dono éischter vun enger Karriär an der Fuerschung, wéi an der Fonction publique.

Esou eng Cause kann engem liberalem Educatiouns- an Héichschoulminister, dobäi en Déifferdenger Jong, wéi den Nicolas Didier, jo nëmme gefalen. Ënnert dem Claude Meisch krut de Luxembourg Science Center bannent fënnef Joer bal 23 Milliounen Euro – ouni datt de Ministère an der ASBL vertruede war.

Déi Milliounen huet den Nicolas Didier sech net telquel an d’Täsch gestach. De Science Center ass operationell an accueilléiert, wann een dem Nicolas Didier ka gleewen, all Joers zeg dausende Famille a Schoulklassen. Fir de Science Center um Rullen ze halen, schaffen alles an allem ronn 55 Leit. An esou presentéiert sech den Nicolas Didier gären als Macher, als een dee Saache beweegt, Projeten opbaut, déi anerer net hikréien, e Mann mat enger Missioun. A fir se z’erfëllen, fiert hien hoerschaarf op der Linn vun Il- a Legalitéit.

Ob en déi Linn iwwerschratt huet, dat kucken de Moment d’Inspection générale des Finances an de Parquet. Well wéi et schéngt, an do wier dann e seriöe Souci mat de Prozeduren, war d’ASBL weder obligéiert hir Konten ze publizéieren, geschweigs denn, se vun engem Reviseur auditéieren ze loossen, nach en Devis bei enger aner Firma wéi dem Nicolas Didier hir ze froen, fir hir Opträg.

Deemno ass et enger privater Fondatioun ze verdanken, datt deen Audit gemaach gouf, duerch dee finalement opgeflunn ass, datt de Nicolas Didier sech fir säi Benevolat am Déngscht vun der Education aux Sciences bei der ASBL mat ëffentleche Gelder eng ministesch Pai bezilt, vun där weder all seng Conseilsmemberen, nach de Ministère wossten.

Dee Ministère versicht elo nodréiglech d’Kontroll vun deem Apparat z’iwwerhuelen, deen e bezuelt huet. Mee den Nicolas Didier wëll net esou einfach Plaz maachen. Seng Firma an de Science Center, betount hien, wiere Privatinititiativen an déi hien 2,4 Milliounen Euro gestach hätt, an de Staat misst sech mam Proprietär eens ginn, him seng Firma also ouni Verloscht ofkafen. Dobäi misst en Entrepreneur wéi hien jo am Fong wëssen, datt een als solche riskéiert, säin Invest alt ze verléieren. Zum Beispill, wann ee just fir ee Client schafft, also e Business-Modell huet, deen net allze vill daacht.