D'CSV leet op Käschte vun LSAP an DP bäi: aus der Sonndesfro, déi d‘Ilres am Optrag vun RTL an dem Wort gemaach huet, geet ervir, dass déi Chrëschtlech-Sozial hire fräie Fall stoppe konnten. Si profitéiere vum Retour vum Luc Frieden an d'Politik. D'CSV sollt hir Ziler awer och no deem Erfollegserliefnis net ze héich usetzen, fënnt de Pierre Jans.

Commentaire Sonndesfro vum Pierre Jans

Erlaabt mir e puer Futtballmetapheren.

Stellt Iech eng Ekipp vir, déi sech schwéier deet. Bei där d'Chimie och an der Kabinn net passt, bei där de Ball net rullt an déi néideg Resultater net reusséieren. Stellt Iech Fisemree vir, eng kal Grillwurscht, schlecht Stëmmung. Ofstigskampf.

Bei enger Mannschaft an der Kris hëlleft heiansdo en neie Trainer. A wann dee bis do ass, spillen déi selwecht Leit de Weekend drop, wéi duerch e Wonner, esou erfrëschend a staark, dass ee kéint mengen, déi ganz Ekipp wär ausgewiesselt ginn. Mä den Impuls koum u sech just duerch dat eent neit Gesiicht.

Oder en net sou neit Gesiicht, wéi beim Luc Frieden an der CSV.

Bei der leschter Sonndesfro am Dezember gouf et hannert de Kulissen zwar schonn éischt Rumeuren iwwer een "Trainerwiessel". Ma do war d'CSV nach dee gréisste Verléierer. Minus 6 Sëtz par Rapport zum Walresultat 2018. 15 Sëtz an der Chamber. D'CSV fir hir Verhältnisser am Keller. Den Effet "Frieden" huet gewierkt. Den Negativtrend konnt elo gebrach ginn.

Déi Chrëschtlech-Sozial kréien zwee Sëtz bäi. Endlech wësse se nees, wéi et sech ufillt, ze wannen. Och wa se nach wäit fort si vun den 21 Sëtz, déi se nach hunn. D'Fro ass elo: kann d'CSV de Schwong vum Frieden-Impuls mathuele bis an den Oktober, wann et drop ukënnt?

Heiansdo muss eng Mannschaft dofir komplett nei opgestallt ginn. E puer Nowuesstalenter réckelen an d'Startformatioun no an developpéiere sech an iwwerhuele selwer Responsabilitéit. Firwat net e richtegen Neistart woe mat der Perspektiv, fir déi nächst Chamberswalen en agespillten Trupp op den Terrain ze schécken? Et gesäit nämlech elo nach sou aus, wéi wann et fir d'CSV trotz Frieden schwéier gëtt, fir Blo-Rout-Gréng dëst Joer auserneen ze dreiwen.

D'Sonndesfro ass wuel eng krass Momentopnam a respektéiert och net d'Spezifizitéite vum Lëtzebuerger Walsystem, mä: trotz klenge Verloschter bei LSAP an DP kéim Gambia den Ament nach ëmmer op 31 Sëtz. Firwat sollt een déi Unioun briechen, fir mat enger Partei ze koaléieren, déi ausser dem Luc Frieden quasi déi selwecht ass wéi viru 5 Joer?

Fir d'CSV schwätzt awer nees, dass si fir 42 Prozent vun de Befroten an d'Regierung gehéieren. D'LSAP awer fir 47 an d'DP ëmmerhi fir 41 Prozent. Eng Rout-Blo-Schwaarz Koalitioun mam Premier Xavier Bettel an de Vice Paulette Lenert a Luc Frieden? Gleef dat.

Bei der CSV wäert een op d'mannst awer berouegt sinn, dass dat mat hirem Spëtzekandidat net no hanne lass gaangen ass. Den Ufank vum Plang ass reusséiert. Mä ass nach méi dra fir d'CSV an de Luc Frieden? D'Saison ass nach laang.