Den LSAP-Minister huet dat no de Publikatioune vu Reporter.lu iwwer seng Fraisen op Déngschtreesen demonstréiert, fënnt d'Michèle Sinner a sengem Tëscheruff.

Tëscheruff vum Michèle Sinner

E gudde Brunello zu Roum, Gin Tonics zu Dubai, Cocktails zu New York. Beim Artikel iwwert dem Franz Fayot seng Fraise vu Reporter.lu huet esou munch een hei heem warscheinlech u sengem Krunnewaasser verschléckt, well an dësen Zäite vun Inflatioun ëmmer méi Leit an der Keess vum Supermarché an en eidele Portmonni kucken.

Dat Jet-Set-Bild vun der Gauche Caviar, dat de Franz Fayot a seng Mataarbechter, dorënner weider LSAP-Memberen, domat ofginn, ass ëmsou méi ellen, well hien déi Reesen als Kooperatiounsminister ënnerholl huet. Genre, wann ee Business Class flitt, fir aarme Kanner iwwert de Kapp heemelen ze goen, kann ee sech herno jo awer de Gudden undoen an dee Misär mat engem Patt gudde Wäin aus der Strass spullen.

Dat ass dat eent.

Dat anert ass, datt bei esou Reesen, och je no Disponibilitéit vun aneren Intervenanten de Programm alt esou voll ass, datt tatsächlech soss keng Zäit ass, wéi beim Iessen, fir sech ënnerteneen ofzeschwätzen, also ze schaffen. An datt och de Kooperatiounsminister, wann en dann aner auslännesch Dignitären fir z’iessen invitéiert, hinnen och net de bëllegste Fusel kann zerwéieren. Dat ass bei anere Minister a Ministerinne  warscheinlech net anescht. Soss wier d’Regierung elo kaum esou presséiert, d’Prozeduren z’iwwerschaffen, déi de Franz Fayot jo gréisstendeels agehalen huet.

Genee dat hätt de Franz Fayot roueg an onopgereegt kënnen erklären, wéi Reporter den Artikel publizéiert huet. Da wier déi ganz Saach verpufft. Hie war schliisslech gewarnt. D’Ënnerlage krut Reporter jo vu sengem eegene Ministère an dozou war et am Virfeld e reegen Echange ginn. Ma amplaz säi Courage an de Grapp ze huelen, huet hie gemauert. Ganz de Geschäftsaffekot huet hien eng schrëftlech Erklärung ginn. Am Resumé: hien huet sech näischt virzewerfen, entschëllegt sech awer fir Feeler an d’Cocktails zu New York bezilt en elo awer léiwer selwer. Ufroen no Reaktiounen huet hien ignoréiert, bis et net méi anescht goung.

Domat huet hie sech selwer just nach méi verdächteg gemaach bei deenen, déi sech weder eng Rees nach e Resto kënne leeschten, also der LSAP hir Wielerschaft. An déi aner froe sech: Kënnen déi net schaffen, ouni datt se Gin Tonics drénken?