Déi 27 EU-Memberstaaten reprochéieren dem russesche President Vladimir Putin, responsabel ze sinn, fir den Doud vu sengem politesche Géigner Alexej Nawalny. An dat wäert Konsequenzen hunn, ënnert anerem a Form vu weidere Sanktiounen. Dat war eng vun de Conclusioune vum Conseil vun den EU-Ausseminister e Méindeg zu Bréissel. Wann een de Lëtzebuerger Chefdiplomat am Virfeld vum Conseil héieren huet, kann ee wierklech frou sinn, dass hien um Enn wuel op seng Homologe gelauschtert huet, fënnt d‘Maxime Gillen a sengem Commentaire.

De Commentaire vum Maxime Gillen

"Ech mengen, datt Transparenz wichteg ass, mä et war kee vun eis do, dofir soll ee keng Spekulatioune maachen. Ech waarde bis Conclusiounen do sinn a kann haut just senger Fra eist Matleed ënnersträichen an dat exemplarescht Engagement vun hirem Mann", esou de Xavier Bettel am Virfeld vum EU-Conseil. Weider huet hien eng onofhängeg Enquête iwwert d‘Ëmstänn vum Doud vum Alexej Nawalny gefuerdert.

Ma nee, et war effektiv kee vun eis do. Ma spekuléiere muss een awer net, fir ze wëssen, dass de bekanntste Putin-Géigner an deem Stroflager a Sibirien un de Konditioune vun deem Prisong gestuerwen ass. Mir wësse schliisslech, dass scho probéiert gouf hien ze vergëften. Mir wëssen, dass hie viru Geriicht wéinst absurde Grënn zu vill ze héije Strofe verurteelt gouf. Mir wëssen, dass hien an e Stroflager bruecht gouf, an deem d'Gesondheetsversuergung immens schlecht ass. Mir wëssen, dass hien op d'mannst 300 Deeg laang an enger Eenzelzell verbruecht huet. An den Nawalny selwer huet ëmmer erëm vu Folter a mënschenonwierdege Konditiounen do geschwat.

Dass dat um Enn d'Ursaach vu sengem Doud war, esouguer wa keen aktiv nogehollef huet, ass keng Spekulatioun. An deemno hätt ech mir do méi e staarke Statement vun eisem Ausseminister erwaart.

Um Enn vum Dag, huet hie jo dann op d'mannst zesumme mat sengen Homologen nach d'Kéier kritt.

Mech huet awer och nach eppes anescht un där Ausso vum Xavier Bettel gestéiert. Hie kéint nämlech méi maachen, wéi der Wittfra säi Matgefill auszedrécken. Lëtzebuerg produzéiert wuel keng Waffen a Munitioun, déi een der Ukrain kéint ginn. Ma zum Beispill eis berüümte Mëllechkou vu Finanzplaz huet duerchaus enormen Afloss, an dat net nëmmen op de Staatsbudget.

Op där enger Säit priedege mir anere Länner an der EU, dass ee sech ënnert allen Ëmstänn soll un d'Prinzippie vum Rechtsstaat an déi gemeinsam europäesch Valeuren halen. An op där anerer Säit gi mir eis awer bei Wäitem net genuch Moyenen, fir d'Sanktiounen op der Finanzplaz ëmzesetzen. Respektiv spillen eis Valeuren do kaum nach eng Roll.

Dat huet sech och jorelaang an eiser Aussepolitik erëmgespigelt. An eiser, an éierlecherweis och an där vun eisen europäesche Noperen. Ma spéitstens wéi Russland virun zwee Joer op en Neits d'Ukrain iwwerfall huet, hunn de Gros vun deenen awer d'Kéier kritt. Lëtzebuerg huet seng Sich no russesche Suen op der Finanzplaz net spierbar intensivéiert. An eisen Ausseminister kritt et kuerz virum 2. Joresdag vum Krich an nom Doud vum bekanntsten Putin-Géigner ouni seng EU-Kolleegen net hin, kloer ze formuléieren, wie Schold dorun ass.