Leider ass et net seelen, dass gemellt gëtt, dass bekannte Sportler* hir Fraen oder Frëndinne schloen oder accuséiert goufen, no enger Party-Nuecht Frae vergewaltegt ze hunn.** Och zu Lëtzebuerg si mer do keng Ausnam, seet d’Annick Goerens a sengem Commentaire.

Commentaire vum Annick Goerens

De Sport ass eng grouss Leidenschaft vu ville Leit. Staark Emotioune gehéieren dozou. Leider ass de Sport awer och eng Plaz, wou d’Misogynie sech dacks breet mécht an dat ouni gréisser Konsequenzen. Soulaang de Futtballspiller de Gol trëfft, de Volleyballer de Ball iwwer d’Netz kritt, da jäizt e Stadion a wat de Mann doheem gemaach huet, zielt net méi. Et muss ee Beruffleches a Privates trennen, sot ënner anerem och de Futtballnationaltrainer Luc Holtz. Ech sinn net domat d’accord. Scho guer net, wann d’Sportler e Virbild si fir déi ganz Natioun a besonnesch fir Jonker.

Rehabilitatioun oder Representatioun? 

Ech kommen bei dat éischt krasst Beispill, dëse Summer op den Olympesche Spiller zu Paräis. Am hollännesche Beachvolleyball-Nationalkader spillt de 27 Joer ale Steven van de Velde. Ee verurteelte pedophille Vergewalteger. Hien ass als 19 Joer ale Mann an England geflunn, well hien e Meedche vun 12 Joer iwwer sozial Medie kennegeléiert hat. Hie wousst, hatt wier eleng doheem. Hien huet dem Kand vun 12 Joer Alkohol ze drénke ginn an et dunn dräimol vergewaltegt. Hie gouf dofir 2014 a Groussbritannien verurteelt an duerft 2017 zeréck a säin Heemechtsland. Jo, de Mann huet seng Strof ofgesiess an hien dierf sech och rehabilitéieren a sech nees an d’Gesellschaft integréieren. Mee hien huet a mengen Aen d’Recht, esouguer de Privileeg verluer, fir säi Land ze representéieren. Wat schéckt dës Decisioun vum hollännesche Beachvolleyball-Verband fir e Message un d'Gesellschaft a besonnesch un d'Jugend? 

De Gerson Rodrigues ass e schlecht Virbild

Eriwwer op Lëtzebuerg. Firwat dierf de Gerson Rodrigues nach ëmmer fir d’Rout Léiwe spillen? Hien ass ugeklot wéinst Kierperverletzung an 3 Fäll.*** Een dovunner haislech Gewalt vis-à-vis vu senger Ex-Frëndin. Enger anerer Persoun huet hien d’Schanken am Gesiicht gebrach. An engem anere Mann hat hie mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen an deen hat doropshin en Zant verluer. Hie gouf fir déi 3 Fäll an der 1. Instanz schëlleg geschwat. 18 Méint Prisong op Sursis an eng lächerlech Amende vun 1.500 Euro: wuel gemierkt, bei engem Spiller, deen e Video vu sech online gesat huet mat engem gëftgrénge Lamborghini. Jee dass d'Strofen hei am Land net ëmmer adaptéiert sinn, ass e Faass, wat ech eng aner Kéier opmaachen. Mee et ass kloer, dass hien och vu sengem Status als Roude Léiw profitéiert, fir sech op de soziale Medien ze profiléieren.

Meng Fro vun haut ass: Wat kommunizéiere mir fir Wäerter no baussen, wann ee wéi de Gerson Rodrigues fir d'Futtballnationalekipp spillen dierf? En plus ass de Rodrigues och net grad fir seng gutt Manéiere bekannt. Hie kënnt ze spéit op den Training, duerft als Konsequenz net am Heemmatch géint Belarus untrieden, mee sëtzt dann awer wärend dem besote Match an der VIP-Lounge am Stadion a léisst sech feiere wéi e Superstar: Autogrammer inklusiv.

An ech betounen et nach eng Kéier: Et muss e Privileeg sinn, fir säi Land dierfen ze vertrieden. E Privileeg, deen een och dierf ofgeholl kréien. An et dierf keen Argument sinn, dass Lëtzebuerg soss keen huet, dee Goler schéisst. So what? Dat war déi lescht Jore jo och net anescht.

An Holland wéi och hei zu Lëtzebuerg gouf et keen Drock aus der Politik oder der Gesellschaft, fir eppes ze änneren. 
Et ass kloer, wou de Ball an dësem Fall läit.

* den amerikanesche Basketspiller bei der Amicale Steesel, de Kim Aiken Jr, de fréiere brasilianesche Futtballspiller Dani Alves, den Ex-däitsche Futtballnationalspiller Jerôme Boateng, de Coureur Rohan Dennis, de Paralympics-Leefer Oscar Pitorius, de fréiere Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Eugène Afrika (bei verschiddene Fäll lafen d'Prozesser nach, do stinn Urteeler nach aus)

** https://www.rtl.lu/sport/news/2195597.html
https://www.indaily.com.au/news/2024/08/06/rohan-dennis-charges-confirmed-over-melissa-hoskins-death 
https://www.bbc.com/news/world-africa-67885713 
https://www.indaily.com.au/news/2024/08/06/rohan-dennis-charges-confirmed-over-melissa-hoskins-death 
https://www.lemonde.fr/en/sports/article/2024/07/12/french-rugby-players-charged-with-aggravated-rape-in-argentina_6682345_9.html 
https://www.zdf.de/nachrichten/panorama/kriminalitaet/robinho-haft-vergewaltigung-100.html 
https://www.faz.net/aktuell/sport/fussball/fussballer-dani-alves-muss-wegen-vergewaltigung-mehrere-jahre-in-haft-19537240.html 
https://www.zdf.de/nachrichten/panorama/prominente/boateng-fussball-star-prozess-ex-freundin-vorwuerfe-100.html 
https://www.rtl.lu/news/national/a/351079.html
 
*** https://www.rtl.lu/news/national/a/2181665.html