Nach ëmmer zirkuléiert an de soziale Medien, dass eng Persoun an enger wäisser Camionnette versiche géing, Kanner ze entféieren. Mir hu beim Parquet nogefrot.

Zanter e puer Deeg fënnt een an de soziale Reseaue vereenzelt Fotoe vu wäisse Camionnetten. An de Kommentaren ass ze liesen, dass eng Persoun géif versichen, Kanner ze entféieren.

Schonn d’lescht Woch hate mir op RTL gemellt, dass der Police esou Fäll zougedroe goufen an d’Enquête géif lafen.

"Gëschter war en zu Esch, d’Kanner hate mega Angscht. E wollt e klengt Meedchen huelen, hatt huet en an den Aarm gebass, do huet en lass gelooss", esou de Wuertlaut vun engem vun de Kommentaren. Och zu Käerjeng oder Rodange wier dat "verdächtegt" Gefier gesi ginn.

RTL

Op Nofro huet de Parquet eis gesot, dass bis elo kee konkrete Verdacht oder Fall bekannt wier. D’Enquête ass awer en cours a géif vun der Police judiciaire gemaach ginn.

An engem vun de Bäitrag gouf dëst Bild verëffentlecht:

RTL

Ma no enger kuerzer Recherche an enger Sichmaschinn, fënnt een eraus, dass et sech bei dësem Mann, ëm eng Persoun handelt, déi am Mäerz 2018 hiert Kand vun deemools 3 Méint entféiert hat. Den Detail kann een hei noliesen.

RTL

Verdachtsfäll ginn eescht geholl, ma et soll ee keng Gerüchter an d’Welt setzen

Wann een eppes Verdächteges observéiert, soll ee sech direkt beim 113 mellen, esou de Parquet. Gerüchter an de soziale Medien an d‘Welt setzen, géif awer näischt bréngen, virun allem, wann een d’Police net a Kenntnis géif setzen. Schrëftlech krute mer geäntwert: "D’Police hëlt dës Affär ganz eescht a geet all Hiweis no. Mä all méiglech Gerüchter op de soziale Medie verbreeden, heescht awer och, dass d’Police gezwongen ass, Saachen ze iwwerpréiwen, déi Zäit an Usproch huelen an datt déi Zäit kéint riskéieren, fir aner Iwwerpréiwungen ze feelen.