1969 ass deen éischte Mënsch um Mound gelant - oder dach net? War d'Moundlandung e Fake an engem Filmstudio? Eng inzenéiert Muechtdemonstratioun?

Ëmmer nees héiert ee vu Leit dobaussen oder liest een am Internet déi wëllsten, kuriéisten a verschiddensten Theorien. Iwwert de Summer gräife mer bei RTL.lu déi bekanntste Verschwörungstheorien aus de verschiddenste Beräicher op, probéieren z'erklären, u wat d'Supporter vun den eenzelen Theorië gleewen, a setzen deem wëssenschaftlech Erklärungen a Fakten entgéint.

Eng vun de bekanntste Konspiratiounstheorien hält sech zanter méi wéi 50 Joer: Zanter 1969 behaapten d'USA an d'NASA den Neil Armstrong wier deen éischte Mënsch um Mound gewiescht. 1976 huet den Auteur Bill Kaysing a sengem Buch "We never went to the Moon" beluecht, datt d'Amerikaner den 21. Juli 1969 net um Mound gelant sinn.

Moundlandung eng wichteg Muechtdemonstratioun fir d'USA

Dem Kaysing no hat d'NASA deemools guer net déi néideg technesch Erfarung, fir e Mënsch op de Mound ze fléien. Donieft huet d'Course fir op de Mound vu sëllege Problemer an den USA ofgelenkt. An enger Zäit, an där d'US-Bierger immens veronséchert waren - Kale Krich, Eskalatioun vum Vietnam-Krich, der Ermordung vum John F. Kennedy a Rassenonrouen - war d'Moundlandung eng wichteg Muechtdemonstratioun géigeniwwer der Sowjetunioun.

Tatsächlech war d'Landung um Mound eng Muechtdemonstratioun am Kale Krich, hätt d'NASA dës allerdéngs gefälscht, hätt d'Weltraumagence ronn 400.000 Mënschen, déi um Apollo-Programm bedeelegt waren, missten zum Schweige verflichten. Eng Geheimdéngschtoperatioun mat engem logisteschen an techneschen Opwand, dee méi héich gewiescht wier wéi fir eng richteg Moundlandung.

Obwuel d'NASA net op d'Verschwörungstheorië ronderëm d'Moundlandung reagéiert, goufen déi verschidden Theorië vun Experten a Wëssenschaftler analyséiert a widderluecht. An dësem Artikel hu mir 5 Theorië méi genee ënnert d'Lupp geholl.

Keng Stären op de Fotoe vun der Apollo-11-Missioun

Den déif-schwaarze Moundhimmel léisst dacks dorop schléissen, datt et Nuecht war an een hätt misse Stäre gesinn. Datt op de Fotoe vum Mound keng Stären z'erkenne sinn, interpretéiere Skeptiker als Opnamen, déi an enger ofgedonkelter Hal gemaach goufen - d'Theorie vum Filmstudio. Tatsächlech konnte fotografesch Filmer nëmmen Opname vun Objete maachen, där hir Liichtstäerkt net ze vill ënnerschiddlech ass. Fir gläichzäiteg Objete mat ganz hellem wéi och mat ganz schwaachem Liicht op eng Foto ze kréien, wieren immens laang Beliichtungszäiten néideg gewiescht.

Vue datt d'Astronauten allerdéngs wärend dem sougenannte "Mound-Dag" op Expeditioun waren, hätte laang Beliichtungszäiten dozou gefouert, datt d'Moundlandschaft komplett iwwerbeliicht gewiescht wier. Op der offizieller NASA-Pressekonferenz zu der Moundlandung zu Houston huet den Neil Armstrong iwwerdeem erkläert, datt si "zu kengem Moment Stäre gesi" konnten.

Schieter verlafen net parallel

Op ville Biller, déi um Mound gemaach goufen, lafen d'Schieter vun den Objeten an Astronauten net parallel zueneen. Dëst gëtt als Widdersproch dozou interpretéiert, datt d'Sonn déi eenzeg Liichtquell um Mound ass. Grad ewéi bei Fotoe vu Schinnen, déi optesch um Enn zesummelafen, verzerrt d'Perspektiv vun der Fotografie d'Ofbild vum Schiet. Wieren e puer Liichtquellen, wéi zum Beispill Studioscheinwerfer, agesat ginn, missten e puer Schieter vum selwechten Objet ze gesi sinn, déi a verschidde Richtunge lafen.

Wéi konnt de Fändel sech ouni Atmosphär um Mound beweegen?

Op Video-Opname vum Opstelle vum US-Fändel um Mound schéngt et, wéi wann de Fändel sech am Wand beweegt. Ouni Atmosphär ass dëst allerdéngs net méiglech, fir Verschwörungstheoretiker e Beweis, datt Wandmaschinnen am Studio agesat goufen. D'Beweegung kënnt awer net duerch Wand oder Loft, mä duerch d'Schwéngunge beim Aschloe vun der Staang, un där de Fändel hänkt. Op Film-Opnamen, déi vun der NASA publizéiert goufen, ass ze gesinn, datt de Fändel nom leschte Kontakt mam Mast nach eng hallef Minutt noschwéngt. Soubal d'Vibratioune vun der Staang ofgeklonge sinn, ass de Fändel komplett roueg an deemno kengen Aflëss ausgesat, wéi se an der Äerdatmosphär virkommen. Dëst gëtt och bei engem Verglach vun zwou Fotoen däitlech, déi op der selwechter Plaz gemaach goufen. Doriwwer eraus houng de Fändel op enger queescher Strief a war esou designed, datt et sollt ausgesi wéi op Biller vu Fändelen op der Äerd.

Spréng um Mound misste méi héich sinn

Wärend de Spadséiergäng um Mound sinn den Neil Armstrong an de Buzz Aldrin ni méi héich gespronge wéi duerchschnëttlech Spréng op der Äerd. Ouni Schwéierkraaft misste fir d'Skeptiker vill méi héich Spréng um Mound méiglech sinn. Dat ass och richteg. Ma bis zu der Apollo-15-Missioun hunn Astronautekostümer tëscht 83 an 90 Kg gewien. Op der Äerd wiere mat deem Gewiicht iwwerhaapt keng Spréng méiglech. Donieft war d'Beweeglechkeet an esou engem Raumkostüm immens limitéiert.

D'Stralebelaaschtung um Wee fir op de Mound ass déidlech

Um Fluch fir op de Mound hunn d'Astronaute missen den "Val-Allen-Rimm" tëscht der Äerd an dem Mound passéieren. Hei ass d'Stralung mat ronn 1 Sievert/h esou héich, datt d'Verschwörungstheoretiker unhuelen, datt dës Dosis egal wéi hätt missen zum Doud féieren. Nieft dem Schutz vun der Apollo-Kommandokapsel hunn d'Astronaute just 90 Minutte gebrauch fir den "Van-Allen-Rimm" ze passéieren an esou ronn 4,3 Millisievert opgeholl. Dëst entsprécht ongeféier der duebeler Dosis u Stralung, déi d'Mënschen op der Äerd ophuelen. Éischt noweisbar Schied kommen eréischt bei enger Dosis vun iwwer 300 mSv un op. Bei enger Dosis vun ënner 10 mSv ass héchstens mat engem Kriibsfall pro 10.000 Persounen ze rechnen. Un de Moundlandunge waren allerdéngs manner wéi 25 Persoune bedeelegt, wouduerch en erhéichte Kriibsrisiko duerch de Moundfluch statistesch net ze beleeën ass.

Firwat gleewe Skeptiker nach ëmmer net un d'Moundlandung?

Obwuel mat Indien dëst Joer schonn dat 4. Land Mound gelant ass, gleewe vill Leit nach ëmmer net dorun, datt d'Mënschheet um Mound war. De Michael Butter, Professer fir amerikanesch Literatur a Kulturgeschicht, fuerscht zanter Joren iwwer d'Ursaachen an d'Wierkunge vu Verschwörungstheorien. Och no Joerzéngtelaanger Aarbecht ass d'Moundverschwörung nach ëmmer Thema fir de Fuerscher. D'Theorie brauch keng komplizéiert Erklärungen zu komplizéierten Zesummenhäng, mä berifft sech him no "einfach op Film-Opnamen an d'Fotoe vum Mound, déi am Sënn vu Verschwörungstheoretiker interpretéiert ginn".

Wéi aus enger Rei Etüden ervirgeet, gleewe Verschwörungstheoretiker nach méi staark un hir Theorien, wann ee se mat logesche Géigebeweiser konfrontéiert. Dat well "een d'Identitéit vun der Verschwörungstheorie massiv a Fro stellt", déi sech iwwer de "Glawen u Verschwörungstheorien" definéiert. Dat suergt dofir, datt eng argumentativ Ausernanersetzung mat Verschwörungstheoretiker esou gutt wéi kee Sënn mécht. Ënner anerem aus deem Grond hëlt d'NASA d'Theorië vu Skeptiker gréisstendeels einfach net eescht a reagéiert op vill Reprochen net.

Weider Deeler aus eiser Serie

Chemtrails um Himmel: Waasserdamp an Ofgasen oder awer Klima- a Gedankekontroll?
Flat Earth - D'Renaissance vun der Äerd als Scheif?
"I am the Lizard King": Echse-Mënschen - Reptiloiden, déi d'Geschécker vun der Welt solle leeden
Fräimaurer, Bilderberg & Co.: Wat stécht hannert de geheime Societéiten?
Net just bei Corona - Impfung: Géint Krankheet schützen oder eis muttwëlleg ëmbréngen?
9/11 - alles gefaked? Keng Fligeren entfouert, Twin-Towers gesprengt an alles geplangt...