Bundespresident Steinmeier huet Bundestag opgeléist
Den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier huet e Freideg de Moie wéi erwaart de Bundestag opgeléist.
Domat mécht hien de Wee fir d'Neiwalen den 23. Februar fräi. Dëst ass op d’Demande vum SPD-Bundeskanzler Olaf Scholz geschitt, deen de 16. Dezember d’Vertrauensfro gestallt a, wéi vun him spekuléiert, verluer hat. Virausgaange war de Broch vun der sougenannter Ampelkoalitioun aus SPD, Grüne an FDP am November.
An Däitschland huet de Walkampf schonn ugefaangen. Dat lescht Wuert iwwert d’Opléisung vum Parlament huet awer, dem Artikel 68 vum Grondgesetz no de Bundespresident. De Frank-Walter Steinmeier huet seng Decisioun doriwwer e Freideg annoncéiert.
"Ich habe heute entschieden den 20. Deutschen Bundestag aufzulösen. Und Neuwahlen für den 23. Februar des kommenden Jahres anzusetzen. Ein entsprechendes Schreiben ist soeben der Präsidentin des deutschen Bundestages übergeben worden."
Den Datum fir d’Neiwalen, op dee sech d’Fraktiounsspëtzt vun der SPD an der Unioun scho gëeenegt haten, gouf also mam 23. Februar confirméiert. A schwieregen Zäite bräicht et eng handlungsfäeg Regierung, sou de Steinmeier a senger Begrënnung.
Am November war et jo zum Broch vun der Koalitioun an Däitschland komm, well sech den Olaf Scholz an den FDP-Finanzminister Christian Lindner net konnten a Finanzfroen eens ginn. Ënner anerem beim Sujet Scholdebrems. De 16. Dezember hat de Bundeskanzler d’Vertrauensfro gestallt. De Reproche un d’Adress vu sengem Finanzminister:
"Politik ist kein Spiel. In eine Regierung einzutretten braucht sittliche Reife. Wer in eine Regierung eintritt, der trägt Verantworung für das ganze Land."
Den CDU-Kanzlerkandidat Friedrich Merz hat doropshin den däitsche Kanzler als respektlos vis-à-vis vum Finanzminister bezeechent a peinlech op der internationaler Bün. Seng Politik huet hien och kritiséiert:
"Sie stehen hier und erklären: ‘alles weiter so. Schulden machen auf Kosten der jungen Generation. Geldausgeben’. Und das Wort Wettbewerbsfähigkeit der Deutschen Wirtschaft. Herr Bundeskanzler, ich hab genau zugehöhrt. Das Wort Wettbewerbsfähigkeit der deutschen Wirtschaft kommt nicht einmal in der Rede vor, die sie heute Morgen halten."
Um Enn huet den Olaf Scholz beim Vott keng Majoritéit kritt. D’Bundestagspresidentin Bärbel Bas:
"Der Antrag des Bundeskanzlers hat die erforderliche Mehrheit von mindestens 367 Ja-Stimmen nicht erreicht."
No der Annonce vum Frank-Walter Steinmeier ass d’Parlament elo also formal opgeléist. Trotzdeem funktionéiert et nach esou laang, bis en neit gewielt ass. Och d'Deputéiert an d’Membere vun der Regierung bleiwe weiderhin an hire Funktiounen an halen hir Sëtzunge bäi.