De Jacques Rotenbach huet ënner anerem d'KZ zu Auschwitz iwwerlieft an huet jorelaang dofir gesuergt, datt d'Grausamkeet an d'Massaker net vergiess gëtt.

"Auschwitz ass e Symbol. Auschwitz ass dee gréisste Kierfecht op der Welt. All Stéck Buedem ass voller Blutt, voller Kadaveren", esou huet de Jacques Rotenbach de Konzentratiouns- an Exterminatiounscamp beschriwwen, deen haut virun 80 Joer vun der Rouder Arméi befreit gouf. Tëschent 1,1 an 1,5  Millioune Leit sinn do ëmbruecht ginn. Iwwer 80 Prozent ware Judden.

De Jacques Rotenbach war ënner anerem am Camp zu Auschwitz an huet iwwerlieft an ass Jorelaang mat Schüler an Erwuessenen, dorënner d'ASBL "Témoins de la 2e Génération", dohinner zeréck gaangen, fir datt d'Brutalitéit an d'Grausamkeet vum Nazi-Regime an de Massaker un all deenen onschëllege Mënschen net vergiess gëtt. D'Dany Rasqué huet hie virun 20 Joer op enger vun deene Reese kennegeléiert an huet seng Messagë vun deemools versuergt.

Portrait Holocaust-Iwwerliewender: De Jacques Rotenbach / Rep. Dany Rasqué

"D'Populisten, well alleguer déi rietsextrem Parteie si Populisten a mat hirem schéine Geschwätz brénge se Arméien an alleguer d'Länner a kommen un d'Majoritéit. Wa mer se gewäerde loossen a wann Europa net ännert."

Et si Sätz, déi zwee Joerzéngten al sinn a wann de Jacques Rotenbach haut nach géif liewen, wier hie schockéiert iwwert d'Changementer, déi et an Europa a soss op der Welt gouf a gëtt. Hien - genee wéi vill aner Iwwerliewender - hate sech et zur Aufgab gemaach, déi Jonk a manner Jonk ze warnen an hinnen ze soen, wat si erlieft hunn. Eppes, wat sécher net just dem Jacques Rotenbach schwéier gefall ass.

"Et deet wéi am Häerz, et suergt fir eng déif Trauregkeet a menger Séil, mä ech kommen heihinner an ech muss soen, et stéiert mech iwwerhaapt net. Et muss een iwwert seng Vergaangenheet schwätzen, et muss een erzielen, wat den Nazi-Regime war, et muss een iwwer Auschwitz schwätzen. Wa mir dat net maachen, gëtt et banaliséiert."

De Jacques Rotenbach war bis 1944 am Ghetto zu Lodz. Säi Papp ass do gestuerwen. Hie koum mat senger Mamm, sengem Brudder a senger Schwëster op Auschwitz-Birkenau. Vun do aus goung et fir hie Richtung Berlin, dunn den Doudesmarsch op Sachsenhausen an dono koum hien op Mauthausen, wou hien eréischt de 5. Mee 1945 fräi koum. An dat war fir hie kee glécklechen Dag.

"D'Liberatioun war den Dag vu menger gréisster Péng, well ech hat nach net grad 18 an en halleft Joer an ech hat lauter Krankheeten. Ech wosst genee, datt meng ganz Famill dout wier an ech wosst och ganz genee, datt ech ni méi wéilt a Polen op d'Kierfechter zeréckgoen."

De Jacques Rotenbach huet nom Krich Asyl an der Belsch kritt an do eng Famill gegrënnt an d'Hoffnung stoung fir hie säi Liewe laang am Mëttelpunkt.

"Wa mer keng Hoffnung gehat hätten, wiere mer net esou wäit komm an och haut muss een Hoffnung hunn, well och wann et der Welt net gutt geet, muss een d'Hoffnung hunn, datt et hir muer besser geet."

Den 80. Anniversaire vun der Liberatioun vun Auschwitz erlieft de Jacques Rotenbach net méi. Hien ass 2014 - zwee Méint viru sengem 88. Gebuertsdag - gestuerwen.