"Et dierf een net haassen". Dat ass ee Message, deen d'Ginette Kolinka de Schüler aus dem Jongelycée mat op de Wee ginn huet.

D'Fra, déi haut 101 Joer huet, war viru gutt fënnef Joer am LGL, fir iwwert hir Zäit zu Auschwitz-Birkenau ze temoignéieren. D'Dany Rasqué huet si deemools begéint.

Portrait Holocaust-Iwwerliewender: De Ginette Kolinka / Rep. Dany Rasqué

Am Mäerz 1944 huet d'Ginette Kolinka 20 Joer. Si sollt eigentlech mat hirem Papp, hirem Brudder an hirem Neveu zu Mëtteg iessen, wéi d'Gestapo déi véier festhëlt. Nom Prisong zu Avignon, zu Marseille an zu Drancy goufe si alle véier op Auschwitz-Birkenau deportéiert.

Bei hirer Arrivée sti Camione prett, fir Leit, déi midd oder krank sinn an net wëllen zu Fouss goen. Hirem Papp vun 61 Joer an hirem Brudder, deen 13 Joer hat, réit si mam Camion ze fueren a wëll deenen anere Fraen am Camp am Ufank net gleewen, wat mat de Leit geschitt, déi op déi Camione klammen.
 
"Mir gleewen hinnen net. Wat erziele si? Datt den Damp eis Famille sinn? Si erzielen eis, datt se all erstéckt goufen, ëmbruecht. Mä déi Frae si schlecht! Si si jalous! Dat ass trotzdeem iwwerdriwwen, fir sech ze revanchéieren."

An den Nazi-Campen ass si zu engem Roboter ginn, erzielt d'Ginette Kolinka. No Auschwitz-Birkenau koum si op Bergen Belsen an op Theresienstadt. Am Mee 1945 sollt si de Camp nach eng Kéier wiesselen, bei hirer Arrivée haten d'Alliéiert d'Lager awer befreit an du koum si a verschidde Centres d'accueil, wou si gewuer ginn ass, datt hir Mamm an hir fënnef Schwësteren net deportéiert goufen an erëm zu Paräis an hirem fréieren Appartement géife liewen. E Mount méi spéit huet si si dunn och an der franséischer Haaptstad erëmfonnt.

Si huet eigentlech eréischt am Joer 2000 ugefaangen, iwwert dat ze temoignéieren, wat si erlieft huet a wëll domadder viru fuere sou laang si kann. An den éischte Joren nom Krich huet d'Ginette Kolinka et mol net erdroen, wann een an hirer Géigend Däitsch geschwat huet, haut ass dat anescht.

"Ech garantéieren Iech, ech kann all Däitsche gesinn, ech kann Däitsch nolauschteren, dat mécht mer näischt aus. E Mann, eng Fra vu 75 Joer. Wéi de Krich eriwwer war, war dat e Puppelchen. Si hu mer näischt gedoen, Nee!"

D'Ginette Kolinka mécht awer ganz däitlech den Ënnerscheed tëschent Däitschen an Nazien. Si huet virun zwee Joer, fir den 78. Joresdag vun der Liberatioun vun Auschwitz Birkenau, nach e Buch erausbruecht mam Titel "Une vie heureuse."

Eng Rees duerch hiert Appartement am Zentrum vu Paräis. Et ass déi Wunneng, an där si schonn hiert Liewe laang wunnt, mat der Ausnam vun de Joren 1942 bis 45. Eng Plaz, déi op Schratt an Tratt un déi erënnert, déi net vu Birkenau zeréck komm sinn. Hire Papp, hire Brudder an hiren Neveu. Et ass awer och eng Plaz, wou si mat vill Houfert déi gëllen Diske vun hirem Fils weist, dem Richard Kolinka, dem Batteur vum Grupp Téléphone.
 
A wann een d'Ginette Kolinka freet, firwat si esou vill laacht, äntwert si, well si alles hätt, fir glécklech ze sinn. Kaum ze gleewen, mä an hirem Appartement stinn esouguer nach d'Miwwelen, déi "d'Collabos", wéi si se nennt, do gelooss hunn.
 
E Méindeg de Mëtteg um 16 Auer ass zu Auschwitz d'Zeremonie fir den 80. Joresdag vun der Liberatioun. Déi kann ee live kucken, zum Beispill op Auschwitz.org an am Journal um 17 Auer op RTL Radio melle mir eis live vun der Plaz.