Benjamin Silberberg: "Mäin éischte Schock war de (Véi)waggon"

De Benjamin Silberberg / © Témoins de la 2e Génération
KZ Auschwitz an Doudesmarsch op Sachsenhausen: De Benjamin Silberberg wollt de Generatiounen no him dat erspueren, wat Millioune Leit d'Liewe kascht huet.
"Dës Plaz soll fir ëmmer e Kreesch vu Verzweiwlung a Warnung fir d'Mënschheet sinn. Hei hunn d'Nazien eng annerhallef Millioun Männer, Fraen a Kanner, déi meescht Judden, aus verschiddene Länner vun Europa, ermuert. Auschwitz-Birkenau 1940-1945." Dat ass de Lëtzebuergeschen Text op der Commemoratiounsplack beim internationale Monument zu Birkenau.

Image
Wikimedia Zinneke
Op der Zeremonie fir den 80. Anniversaire vun der Liberatioun sinn haut nach e puer Leit dobäi, déi d'Nazi-Campen iwwerlieft hunn, mä et ginn net méi vill Zäitzeien. Ee vun hinne war de Benjamin Silberberg, dee reegelméisseg mat der ASBL Témoins de la 2e Génération op Auschwitz gefuer ass, wou d'Dany Rasqué hie virun 20 Joer eng éischte Kéier begéint huet.
Dem Benjamin Silberberg, an iwwerhaapt all den Zeie konnt ee stonnelaang nolauschteren a Froe stellen. Sécher net, well si eng schéi Geschicht z'erzielen haten, mä well se sech esou engagéiert hunn, fir déi Generatiounen no hinnen ze warne virun enger Grausamkeet, déi ee sech bal net virstelle kann an déi awer vu Mënsche gemaach gouf. De Benjamin Silberberg war ee vun deenen Iwwerliewenden, dee sech et zur Aufgab gemaach hat, ze temoignéieren, fir datt d'Nazi-Campe keen Detail an der Geschicht ginn.
"Dës Realitéit ka muer erëm kommen. Dat ass d'Gefor an dat ass de Grond, firwat ech mäi méiglechst maachen, fir mat Jonken ze schwätzen, fir an d'Schoulen ze goen a se virum Extremismus ze warnen."
Bei eppes war de Benjamin Silberberg sech ëmmer ganz sécher:
"Déi dreckeg Schnëss vum Nationalsozialismus ass net dout. Si weist sech an enger anerer Form oder Propaganda."
De Benjamin Silberberg wollt deene Generatiounen, déi no him kommen, dat erspueren, wat Millioune Judden, mä och homosexuell Mënschen, Sinti, Roma, Leit mat Handicap a Krichsgefaangener ënnert den Nazien erlieft hunn. Hie selwer war zu Lonkech op d'Welt komm an ass an der Belsch, zu Charleroi, grouss ginn. 1940 ass seng Famill a Frankräich geflücht, wou hie gutt zwee Joer méi spéit zesumme mat sengem Brudder a sengem Papp festgeholl an op Auschwitz deportéiert gouf.
"Mäin éischte Schock war de (Véi)Waggon, wéi ech festgeholl gouf. Ech war an engem Waggon mat 80 Persounen an ech hat eréischt 17 Joer. Ech hat net geléiert meng Besoine virun all Mënsch ze maachen. Et ass eng Schan am däischteren an engem Waggon widderenee gedréckt ze sinn an dat ass e Schock, deen ech net vergiesse kann. Ech hu meng Besoine viru jidderengem misste maache wéi en Hond. Ech war awer keen Hond, ech war kee Kriminellen, ech war ee wéi dir all."
Zu Auschwitz ass de Benjamin Silberberg mat sengem Papp a sengem Brudder fir d'Aarbecht selektionéiert ginn. Virun 80 Joer - kuerz virun der Liberatioun vum Camp - si si forcéiert ginn, op den Doudesmarsch ze goen. Säi Papp huet deen net iwwerlieft. Hien a säi Brudder koumen op Buchenwald, wou säi Brudder ëmbruecht gouf. De Benjamin gouf den 11. Abrëll vun do gerett mat schwéiere gesondheetleche Problemer.
"Wéi ech zu Buchenwald liberéiert gouf, war ech invalid. Ech hunn den Doudesmarsch matgemaach. Dat ware bal dräi Wochen. Ech war gefruer. Ech krut déi zwee Féiss amputéiert an ech hunn een A verluer."
28 Kilo hat de Mann, deen deemools 21 Joer al war, mä hien huet gekämpft, fir kënnen ze liewen. Seng Mamm huet hien nom Krich erëm fonnt an 3 Joer no der Liberatioun ass hie bestuet ginn a gouf Papp vun zwee Kanner. Viru bal 6 Joer ass de Benjamin Silberberg mat 95 Joer gestuerwen.